
Faarwen a Lacke sinn aus eisem Alldag net fortzedenken ob beim Renovéieren, Sträichen oder fir Holz ze schützen. D’Chiara Wohl vun der SuperDrecksKëscht erkläert dem Nico Thielen am Interview, datt zu dëser Kategorie ënner anerem déi typesch Wandfaarwen gehéieren, mee och Lackfaarwen fir baussen a bannen, Holzschutzmëttel wéi Lasuren, Ueleger a Wues. Och Verpackungen mat Reschter an verschmotzt Aarbechtsmaterial falen an dës Kategorie.
A firwat ass et dann esou wichteg, dës Produiten richteg ze behandelen an och ze entsuergen?
Dës Produiten enthalen dacks schiedlech Stoffer, déi net nëmmen d’Natur belaaschten, mee och eis Gesondheet. Dofir dierfen Faarwen a Lacke op kee Fall an de Reschtoffall oder an d’Ofwaasser kommen. 2025 hu mir em déi 926 Tonnen Faarwen a Lacken vun de Bierger, also vu Privatleit agesammelt. Dëst war déi am meeschte gesammelt Produktkategorie.
A wat kann ech als Konsument maachen, fir méi ëmweltfrëndlech mat Faarwen a Lacken ëmzegoen?
Als Konsument ass et wichteg op ëmweltfrëndlech a schuedstoffaarm Produiten zeréckzegräifen, virun allem am Banneraum. Ausserdeem soll een déi richteg Quantitéit kafen, fir Offall ze vermeiden. Eng gutt deckend Faarf hëlleft och, datt een net puer Mol muss sträichen.
A wat maachen ech mat Reschter, déi awer emol bleiwen?
Reschter kann een oft nach eng Zäit laang halen, wann Behälter gutt zougemaach an op de Kopp, also Kapp iwwer, gelagert ginn. Wann se net méi gebraucht ginn, sollen se richteg entsuergt ginn – entweder iwwer d’Mobil Sammlung vun der SuperDrecksKëscht oder am Ressourcenzenter.
All Informatiounen heizou an zur Entsuergung vun Schuedstoffer och op sdk.lu.