Zesumme fir de KonsumentFoire Agricole zu Ettelbréck vum 03. bis de 05. Juli

IPL - sponsored content
D’SuperDrecksKëscht ass nees dobäi a bitt zesumme mat der ULC Berodung, Informatiounen an Animatioune fir grouss a kleng.
© SuperDrecksKëscht

SDK : Publi 30.06.2026

D’Union Luxembourgeoise des Consommateurs, kuerz ULC, an d’SuperDrecksKëscht verbënnt eng laang Partnerschaft an Zesummenaarbecht, schonn iwwer 25 Joer, an dat net nëmme op der Foire Agricole, wou si e gemeinsame Stand hunn. D’Chiara Wohl vun der SuperDrecksKëscht erkläert dem Nico Thielen am Interview, datt d’Visiteure souwuel Froen zur SuperDrecksKëscht wéi och zum an iwwer de Konsumenteschutz beäntwert kréien, dat ënnert dem Motto: „Zesumme fir de Konsument“.

Wat kann een dëst Joer alles bei Iech um Stand entdecken?
Mir hunn dëst Joer e ganz neit Konzept fir de Stand, d'Thema heizou ass Summerfest. Wéi all Joers hunn mir och dëst Joer Freides eis Aktivitéite fir d'Schoulklassen, mee och de ganze Weekend iwwer ginn et Animatioune fir grouss a kleng. Och stinn d’Uspriechspartner vun der ULC wéi vun der SuperDrecksKëscht fir Froen an Äntwerten um Stand an dëst Joer gëtt et méi wéi nëmmen e flotte Präis ze gewannen.

Do lount et sech bis laanscht ze goen. Wéi och am leschten Interview hu mer scho beschwat datt, och grad an der Landwirtschaft vill Produiten ufalen, déi mussen entsuergt ginn, dacks leien d'Quantitéiten dann natierlech wäit iwwert deem, wat an engem private Stot üblech ass. Kanns de eis do nach eng Kéier soen, wat do déi eenzel Punkte sinn, déi een do ka maache als landwirtschaftleche Betrib?

Et si virun allem d'Almetaller, d'Elektrodeeler, d'Liichtmëttel oder alen Ueleg, déi ufalen. Falls et hei zu Froe ginn, kënne sech d'landwirtschaftlech Betriber un d’SDK wenden, an eis Berodung ass gratis. An dat net nëmmen op oder wärend der Foire Agricole, mee och dat ganzt Joer iwwer.

Kommt bis kucken op Foire Agricole op Ettelbréck a fir weider Froen an Informatiounen kënnt Dir och op sdk.lu goen.

Back to Top
CIM LOGO