
Wärend de Feierdeeg gouf vill frittéiert. D’Chiarah Wohl erkläert dem Nico Thielen am Interview firwat ass et sou wichteg ass, bewosst mat Kach-Ueleg an Frittéierfett ëmzegoen?
Et ass wichteg, well erhëtzte Fetter séier kennen Ëmgoen an dann net méi gutt fir de gebrauch sinn. Och ass et net gutt, wann se ze dacks erhëtzt oder ze laang benotzt ginn. Ausserdeem féiert falsch Entsuergung dozou, datt Kanalisatioune verstoppen an d’Ëmwelt belaascht gëtt. Wichteg ass och Friteuse no all Gebrauch richteg propper ze maachen.
Wéi gëtt Kachueleg nom Gebrauch richteg entsuergt?
Kach-Ueleg däerf ni an de Lavabo oder an d’Toilette geschott ginn. Dofir huet SuperDrecksKëscht eng besser Léisung: eise giele Frittefett-Eemer. Dëse kritt ee gratis bei der mobiller Sammlung oder am Ressourcencenter. Nodeems d’Fett ofgekillt ass, kann een et an dësem Behälter sammelen a bei der Mobiller Sammlung oder am Ressourcencenter ofginn. Och fir d’Gastronomie ginn et des Eemeren an do kann en se och iwwert eis Entsuergen.
Wat mécht d’SDK da mat deenen agesammelte Fetter? Domat kann een dach näischt méi ufänken, oder?
Ma dach! 84% vun den agesammelten Fetter sinn am leschte Joer sinn an Produktioun vun Biodiesel gaange. Och eis Verbrenner, wéi Camionen, Camionnetten an Autoen, ginn mat dësem Biodiesel bedriwwen.
Wéi kann ee vermeiden, ze vill Fett a Kach-Ueleg ze verbrauchen?
Eng einfach Léisung ass, d’Fritten, Croquetten an alles wat ee frittéiere kann net all Dag z’iessen an heiansdo op Alternativen wéi Schäffchen oder AirFryer auszewäichen. Och kann ee méi kleng Quantitéiten Ueleg benotzen a qualitativ héichwäerteg Ueleger wielen, déi stabil bei héijen Temperaturen sinn. Domat reduzéiert een net nëmmen Offall, mee och d’Fett-Belaaschtung am Iessen.
All d’Informatiounen och op sdk.lu.