D'Brëllesammlung bei der Superdreckskëscht huet e gudden ZweckGitt dem ale Brëll mat der SDK en 2. Liewen

RTL Lëtzebuerg
Reegelméisseg seng Ae kontrolléieren ze loossen ass wichteg. Ären ale Brëll kann engem anere Mënsch hëllefen ze gesinn.

SDK Brëllesammlung - Chiara Wohl - 20.11.2025

D’Chiara Wohl vun der Superdreckskëscht erkläert eis wat mat deenen ale Brëller geschitt déi ee beim Optiker oder der mobiller Sammlung vun der SDK ofgëtt.
E Brëll gehéiert elo awer net zu deene geféierleche Produiten déi d’SDK soss sammelt. Wat geschitt mat de Brëller:

Wéi all eis agesammelt Produite kommen se fir éischt op Colmar an eise Logistikzenter
Do gëtt eng éischt Kontroll gemaach éiert se bei “Brillen Weltweit” ginn.

Wien ass Brillen Weltweit a wat geschitt do?

“Brillen Weltweit” ass eng karitativ Aktioun, déi déi gebrauchte Brëller no enger Qualitéitskontroll fir humanitär Zwecker uechtert d’ganz Welt weiderleet. Bis elo goufen iwwer 2 Millioune Brëller gesammelt, nogekuckt a gebrauchsfäerdeg gemaach fir Leit, déi net mei esou gutt gesinn, déi dann iwwer lokal ONG’en op der ganzer Welt esoue Brëll zur Verfügung gestallt kréien.
Sammelstelle ginn et och nach an Däitschland, der Schwäiz, zu Lichtenstein, an an der Belsch.

A wéi lafen déi Prozeduren of ?

Fir dass d’Brëller kënne weider benotzt gi gëtt getest, ob et sech ëm eng Stäerkt- oder em e Gleitsichtbrëll handelt
D’Stäerkt gëtt ermëttelt, beschiedegt Brëller gi gefléckt an se gi gebotzt. Zum Schluss gëtt dann nach e Brëllepass mat all néidegen Informatiounen erstallt.

Gitt och op sdk.lu.

Back to Top
CIM LOGO