Evenementer zu Lëtzebuerg méi nohalteg gestalten ass d'Zil hannert dem Projet „Green Events“. D’Sophie Thinnes, Coordinatrice vum Projet a Beroderin bei der Ëmweltberodung Lëtzebuerg, erkläert dem Nico Thielen am Interview, datt d’Berodung zesumme mat der SuperDrecksKëscht gemaach gëtt an de ganze Projet eng Initiativ vum Ëmweltministère ass. Veranstaltungen zu Lëtzebuerg solle sou méi nohalteg gestallt ginn: Verschidden Aspekter sinn den Offall awer och d'Beschafung vu Materialien, d'Dekoratioun, Energie, Mobilitéit oder och d'Méiglechkeet vu méi klenge Portioune beim Iessen a Gedrénks .
Wien kann alles ee Green Event ginn?
Green Events ass fir jiddwereen, soubal den Event public ass an e kulturellen oder ëffentlechen Aspekt huet, dat heescht, ASBLen, Veräiner,
Gemengen, ORT'e kënnen sech bei eis mellen a kréien dann eng gratis a komplett Berodung vu A bis Z.
Wat sinn Krittäre, déi dir do probéiert ëmzesetzen?
D'Krittären si ganz variéiert an et paken am Fong all Beräich vun engem Event un, sief dat Offall, Iessen a Gedrénks, Beschafung vu Materialien oder Dekoratioun. Am Ganze sinn et der 60 Stéck, an an enger Berodung gi mir der ganz duerch a kucke wéi een do op verschiddene Punkte kann Saache méi nohalteg gestalten. Do kann ee ganz kreativ ginn, et ginn och vill Best Practices, déi mir natierlech kënne weisen an de Leit erklären, fir do ze weisen, dat ass net esou schwéier wéi ee vläicht am Ufank mengt.
Wat si flott Beispiller, déi der do schonn hat ?
Wann ee vun Nohaltegkeet schwätzt, kann een zum Beispill vum Iessen a Gedrénks schwätzen. Hei geet et drëms, dass een sech méi lokal, regional, saisonal an och Bio Saachen akeeft. Domat huet ee kuerz Transportweeër. Dat ass natierlech besser fir eis Natur, wann een op biologesch Landwirtschaft zréckgräift. A wat och nach flott ass ze soen, dass een als Veranstalter, wann een déi éischt Kéier e Green Event organiséiert, vun engem Subsid vun 1500 Euro ka profitéieren.
Gitt einfach op greenevents.lu fir d'Checklëschten, Best Practices, an natierlech och de Kontakt, wou Dir Iech kënnt mellen, fir eng gratis Berodung ze kréien.