Aarbechtsgeschier ausléine statt kafen"Gutt Geschier": Eng Initiativ vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg

IPL - sponsored content
Eng praktesch an nohalteg Léisung, fir Ressourcen ze schounen.
© SuperDreckskëscht

Ënnerwee mat der Superdreckskëscht/Gutt Geschier/18.06.2026/Fränz Hausemer (EBL)

Bei der Ëmweltberodung Lëtzebuerg leeft aktuell eng praktesch Initiativ ënner dem Numm „Gutt Geschier“. De Fränz Hausemer vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg erkläert am Interview dem Nico Thielen, datt hei jiddweree komplett gratis Aarbechtsgeschier ausléine kann an dat fir ongeféier eng Woch. Fir seng Aarbechten doheem an och ronderëm de Gaart ze maachen. D’Iddi ass einfach: Geschier benotzen, wann een et brauch, an duerno nees zréckginn, esou datt och aner Leit dovu kënne profitéieren.

Wéi e Geschier ass do dobäi?
Jo, also beim Aarbechtsgeschier hu mer do eng relativ breet Pallette.
Dat sinn déi ganz gängeg Saache vun Hummeren, verschidde Schlësselen, Schrauwenzéier, Akkuschrauweren. Mir hunn awer och Stéchseeën, Kreesseeën, jee, et gëtt e bëssen esou fir all Aarbechtsberäich am Haus, ob ee lo éischter um Mauere schafft oder éischter am Holz oder am Metall, ass warscheinlech eppes mat dobäi.

Dat ass also eng gratis Initiativ, déi sech u Privatleit riicht , ganz praktesch, mee wou kënnt déi Iddi iwwerhaapt hier a wat ass do d'Visioun hannendrun?
Jo, mir hunn eigentlech festgestallt, dass esou en Duerchschnëtts-Akkuschrauwer, dee jo jiddweree kennt, dass deen eigentlech aacht bis néng Minutte benotzt gëtt a fir de Rescht vu sengem triste Liewen dann op enger Etagère steet a Stëbs fänkt. An do hu mer eis geduecht, mee dat ass awer blöd, well dee gëtt jo awer produzéiert, do si Metaller dran, do ass Plastik dran, deen ass mam Fliger gefuer fir hei an de Buttek ze kommen. Et wier jo interessant, fir déi Ressourcen, déi do dra sinn, méi ze notzen an doduerch misst en eigentlech méi dacks benotzt ginn. An dowéinst hu mir en Inventaire vu Geschier zesummegesat, wat een dann ëmmer erëm kann nei ausléinen a wat fir eis ganz wichteg ass, dat Geschier ass zu quasi 95 % gebrauchte Geschier, wat awer an engem ganz gudden Zoustand ass a wat mer eigentlech virun der Poubelle gerett hunn.

Do bleift just nach et selwer auszetesten, gitt bis kucken op guttgeschier.lu, do kënnt Der hiert Geschier reservéieren an der gratis ausléinen. D'Standuerter, wou Dir d'Geschier kënnt ofhuelen, sinn dann zu Esch, Suessem, Déifferdeng, Miersch, Mënsbech a Stroossen an do sinn och nach weiderer geplangt.

Back to Top
CIM LOGO