
Holz gëtt dobaussen an dobannen héich belaascht duerch Wieder, Fiichtegkeet, Insekten oder Verschmotzung. Dofir gräifen vill Leit op Holzschutzmëttel zeréck. Mee wat genee sinn dës Produiten? D’Chiara Wohl vun der SuperDrecksKëscht erkläert dem Nico Thielen am Interview, datt Holzschutzmëttel virun allem dozou déngen, déi baussenzeg Schicht vum Holz ze schützen an d’Material méi laang haltbar ze maachen. Se hëllefen och dobäi, en eventuelle Befall ze vermeiden oder existent Schied ze bekämpfen – dacks a Form vu Lasuren, Ueleger oder Wues.
Wat sinn déi verschidde Kategorien vun Holzschutzmëttel ?
Am Allgemengen ënnerscheet een tëscht physikaleschen an chemesche Holzschutzmëttel.
Physikalesch Produiten dorënner Lasuren, Ueleger a Wues ginn éischter am private Beräich benotzt. Si schützen d’Holz virun allem géint Flecken, Dreck, Stëbs oder Kratzer. Chemesch Holzschutzmëttel ginn éischter am professionelle Beräich agesat zum Bespill fir Holzbauteile géint Pilzer oder Insekten ze schützen. Si enthalen dacks Biozid Wierkstoffer, déi bei falschem Ëmgang oder gesondheetsschiedlech kënne sinn.
A wat geschitt mat de Reschter vun esou Produiten ?
Reschter vu Holzschutzmëttel, souwéi verschmotzt Aarbechtsmaterial oder Verpackungen mat Reschter, enthalen schiedlech Stoffen. Dofir däerfen se net an den Hausmüll an och net an den Ofwaasser kommen. Si solle bei der SuperDrecksKëscht ofgi ginn, wou se korrekt behandelt ginn.
Zum Schluss huet d’SDK nach e wichtege Rot fir Leit, déi Holzschutzmëttel benotzen.
Am beschten ass et, op ëmweltfrëndlech Produiten zeréckzegräifen an dobäi och op Ëmweltlabelen, wéi zum Beispill Shop Green, opzepassen. Donieft soll een déi passend Verpackungsgréisst kafen an d’Reschter gutt zoumaachen, a wa méiglech op der Kapp stellen, fir datt se sech méi laang halen.
All Informatioune heizou fannt Dir op sdk.lu.