
Vill Produiten am Haushalt oder fir de Gaart enthale chemesch Stoffer, déi mir dacks net emol bemierken. Firwat dat e Problem ka sinn, erkläert de Fränz Hausemer vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg dem Nico Thielen am Interview. D’Ëmweltberodung Lëtzebuerg kuerz EBL ass Coordinateur vun der Campagne “Ouni Pestiziden”, zesumme mat ville Partner ënnert anerem der SuperDrecksKëscht. Pestiziden a Bioziden sinn een aktuellt Thema, wann et ëm Ëmweltschutz an och ëm de Schutz vum Mënsch geet. Mee wat sinn dës Pestiziden eigentlech?
Dat si chemesch Moleküllen, déi en Afloss op Déieren, op Planzen a schlussendlech och op de mënschleche Kierper hunn, well mir Deel vun dësem Ökosystem sinn.
Wat ass den Ënnerscheed tëscht Pestiziden a Bioziden?
Chemesch gesinn ass dat ganz no beieneen. Vu Bioziden schwätze mir, wann dës Substanzen doheem agesat ginn, zum Beispill a ville Botzmëttelen, wou een sech dacks net bewosst ass, datt sou Stoffer dra sinn. Pestizide ginn éischter am Gaart an an der Landwirtschaft agesat.
D’Tendenz geet ëmmer méi a Richtung manner oder souguer keng Pestiziden oder Biozide méi ze benotzen. An dofir gëtt et vum 20. bis den 30. Mäerz 2026 déi international “Woch Ouni Pestiziden”, mat engem interessante Programm och zu Lëtzebuerg:
De 24. Mäerz huet d’EBL eng Rei Experten agelueden, ënnert anerem vum Luxembourg Institute of Health. Et geet ëm den Zesummenhang tëscht der Expositioun mat Pestiziden a Krankheeten, déi de Mënsch kréie kann. Och d’Bioziden gi beschwat. Zesumme mat der Superdreckskëscht, déi eis Alternative wäerte proposéiere fir am Haushalt.
Am Kär geet et drëm, wéi mir gëfteg Stoffen doheem an am Gaart duerch harmlos Optiounen ersetze kënnen.
Dëse Infoowend fënnt de 24. Mäerz 2026 an der neier Akerbauschoul zu Gilsdref statt. Et ass oppe fir jiddereen, an d’Visiteure kënnen och selwer Froen un d’Expert*innen stellen.
Am beschte mellt een sech op ounipestiziden.lu un, wou een och weider Informatioune ronderëm d’Aktiounswoche fënnt.