
De Syndicat intercommunal à vocation écologique, oder kuerz SIVEC ass zu Schëffleng. Am Interview mam Nico Thielen erkläert de Patrick Falkenstein wéi de Ressourcenzenter funktionéiert. Souwuel Privatleit wéi och Betriber kënnen heihinner kommen fir gebrauchte Saachen ofzeginn déi dann an de “Réemploi” kommen. Dat heescht datt Artikelen déi een netméi brauch oder wëll, déi awer nach gutt si gesammelt ginn an dann duerch de SIVEC u Foyeren, Schoulen oder Maison Relaisen oder Crèchë weider kënne gi ginn.
Heifir gouf elo eng nei Online-Plattform ausgeschafft: Gutt Saach. Hei kann een sech als Betrib oder deel vun enger Schoul oder Associatioun umellen a geziilt gebraucht Saache sichen. Deels si souguer komplett nei Saachen op der Plattform, déi d’Leit netméi gebraucht hunn, awer net selwer verkafe konnten oder wollten. Och Entreprise kënne matmaachen!
Kuckt selwer op guttsaach.lu an op sivec.lu.