
D’Chiara Wohl vun der SDK, erkläert eis wéieng kosmetesch Produite solle bei d’Superdreckskëcht bruecht ginn:
Et ginn 2 Kategorien:
Kosmetesch Produite wéi Parfum, Maskara, Pudder, Neellack oder och Crèmen.
An dann déi medezinesch Produiten: Siropen, Pëllen, Drëpsen, Spray’en zB. déi géint Halswéi, Vitaminnpëllen oder Brausetabletten
Dat ass Onofhängeg dovunner, ob se gebraucht, ofgelaf, benotzt oder onbenotzt sinn. Recycléiert kennen des Produiten allerdéngs net ginn.
Wisou ass virun allem hei déi richteg Entsuergung gefrot?
Wierkstoffer, déi a Medikamenter enthale sinn, kënne bei falscher Entsuergung dem Mënsch an der Ëmwelt schiedegen. Dofir soll een se op kee Fall iwwert de Lavabo, d’Toilette oder déi schwaarz Poubelle entsuergen.
Wéi ginn die agesammelt Medikamenter a Kosmetika verschafft?
Agesammelt Produite gi kontrolléiert a sortéiert. Verpakungen an Beschreiwunge ginn auszortéiert a recycléiert. Duerno kommen se an eng thermesch Verwäertung iwwert eng Héich-Temperatur-Verbrennungsanlag. Duerch speziell Filteranlagen gelaange keng Schuedstoffer eraus déi weder fir de Mënsch nach fir d’Ëmwelt eng Gefor duerstelle kënnen.
Wou kann ech des Produiten entsuergen?
An de Ressourcen-Zenteren, der Mobiller Sammlung vun der SDK oder an den Apdikten.
Ginn et heizou nach weider Tipps déi ee berécksiichtege kann?
Et sollen nëmmen esouvill Medikamenter a Kosmetik kaf ginn, wéi een och wierklech brauch.
Virum nächsten Apdikte-Besuch, fir éischt e Bléck an den Apdikte Schaf geheien an op Naturkosmetik a Naturproduiten zeréckgräifen, do ginn et vill Alternative mat manner Chimie, wat och besser fir d’Haut an d’Ëmwelt ass.
Méi op sdk.lu.