
An der Landwirtschaft falen och eng ganz Rei vun verschiddenen Offäll un, an dofir ass eng gutt Offallgestioun besonnesch wichteg. D’Chiara Wohl vun der SuperDrecksKëscht erkläert dem Nico Thielen am Interview méi zum Thema. Och beim Ënnerhalt vun de Gebaier beim Schaffe mat Maschinnen falen Offäll ewéi Aalmetaller, Elektroschrott, Luuchten oder alen Ueleg un. Déi Quantitéite leien dacks däitlech iwwer deem, wat een aus engem normale Stot kennt.
Wéi ënnerstëtzt hei d’SuperDrecksKëscht, déi landwirtschaftlech Betriber?
D’SuperDrecksKëscht bitt och fir landwirtschaftlech Betriber eng gratis Berodung un. Dobäi geet et ënner anerem ëm d'Offallvermeidung, korrekt Trennung an ëmweltgerecht Entsuergung. Bei spezielle Problemoffäll wéi zum Beispill alem Ueleg kann d’SuperDrecksKëscht och bei der Entsuergung hëllefen.
An do gëtt et och e Qualitéitslabel fir landwirtschaftlech Betriber speziell.
Dat ass richteg, d'landwirtschaftlech Betriber kënnen de Label SuperDrecksKëscht kréien. Dëse Label ass eng Auszeechnung fir eng nohalteg an ëmweltgerecht Offallwirtschaft. Zesumme mam Beroder vun der SuperDrecksKëscht gëtt och dofir en individuellen Offallwirtschaftsplang ausgeschafft. Dobäi geet et ënner anerem ëm Offallvermeidung an e puer kleng Handgrëffer, getrennte Sammlung an d'Zesummenaarbecht mat autoriséierten Entsuerger.
Wat ass däi Rot un d’Landwirten am Generellen?
D'gratis Berodung vun der SuperDrecksKëscht zum Beispill ze notzen, oft kënne schonn duerch eng besser Organisatioun Ressourcen a Käschte gespuert ginn.
All Informatiounen heizou fannt Dir och nach eng Kéier op sdk.lu.