
D’Gaardenaarbecht ass eigentlech kee klassescht Thema vun der SuperDrecksKëscht an trotzdeem spillt se eng wichteg Roll, well vill Leit an hirem Gaart op Pestiziden zeréckgräifen.
D’Chiara Wohl vun der Superdreckskëscht erkläert, firwat dat problematesch ass: Pestizide schueden net nëmmen eiser Ëmwelt, mee hu gläichzäiteg en Afloss op eis Gesondheet.
Si fannen sech am Buedem, an de Planzen an egal ob selwer ugeplanzt oder am Supermarché kaaft, och an eise Liewensmëttel erëm. Dofir ass d’SDK zanter laangem och Partner vun der Campagne „Ouni Pestiziden“, déi zesumme mat der Ëmweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l. an anere Partner gestart gouf.
Mee wat kann een alternativ dozou maachen, wann een op Pestizide verzichte wëll?
D’SDK recommandéiert, sech virum Kaf vun engem Produit beroden ze loossen an éischter op Alternativen zeréckzegräifen, déi manner schiedlech sinn. Organesch Dünger wéi Kompost oder Mëscht sinn eng gutt Optioun, grad wéi eng gezielt Auswiel u Planzen, déi sech géigesäiteg ënnerstëtzen an hëllefen Insekten ewech ze halen.
Och al Hausmëttel wéi Esseg oder Natron zum Beispill kënnen heefeg déi selwecht Wierkung hunn, ouni d’Ëmwelt esou staark ze belaaschten.
Nieft de Pestizide ginn et awer och Bioziden eng Kategorie, déi vill Leit net differenzéieren. Mee wat stécht genee dohannert?
D’Bioziden fannen sech beispillsweis a Spraye géint Mécken oder a verschiddenen antibakterielle Botz a Wäschmëttel. Dës Gëftstoffer verdeelen sech an der Loft an op de Textilien a kënnen zwar net direkt, mee op laang Dauer negativ Auswierkungen hunn.
Den allgemenge Rot vun der SDK ass dowéinst kloer: Egal ob dobannen oder dobaussen, éischter op Hausmëttel wéi op Chimie zeréckgräifen.
Gitt och op sdk.lu.