Dës Produiten gebrauche mir all DagRinse-Off Produiten: Är Entscheedung beim Akafen hëlleft

IPL - sponsored content
D'SDK erkläert wat an eisen Alldagsproduiten wierklech dran ass.
© SuperDrecksKëscht

SDK: Publi 01.04.2026

Mir benotzen all Dag Produite wéi Shampoing, Seef oder Duschgel. Dat si sougenannt Rinse-off Produiten. Mee wat heescht dat genee?
D’Chiara Wohl vun der SuperDrecksKëscht huet dem Nico Thielen am Interview erkläert, datt Rinse-off Produite Kierperfleegproduiten sinn, déi dofir geduecht sinn Haut oder Hoer propper ze maachen an direkt nom Gebrauch mat Waasser ofgespullt ze ginn. Se hannerloossen normalerweis keng Réckstänn an awer spillen se eng wichteg Roll wann et ëm d’Ëmwelt geet. Zu dëser Kategorie zielen Dusch- a Buedproduiten, Fest oder Flëssegseefen, Shampoinge, Conditioner déi ausgespullt ginn, a souguer Raséierproduiten.

Well dës Produite einfach mam Waasser an de Offloss kommen, ass et wichteg op d’Inhaltsstoffer opzepassen.
Kierperfleegproduite kënnen aus ekologescher Siicht een Deel vun de problemateschen Ofwaasserbelaaschtungen ausmaachen. Iwwer d’Ofwaasser kënne verschidde Substanzen nämlech och erëm an d’Ëmwelt oder souguer an d’Drénkwaasser geroden. Dofir ass et wichteg, Produiten ze benotzen, bei deenen Inhaltsstoffer séier biologesch ofbaubar sinn an déi sech net an der Natur usammelen.

A wéi erkennt een dann ëmweltfrëndlech Alternativen am Geschäft ?
Hei kënnt de Label Shop Green an d’Spill. D’SuperDrecksKëscht wëll mat dëser Campagne nohalteg an offallaarm Produiten am Handel méi visibel maachen an de Konsumenten eng méi nohalteg Kafentscheedung ze treffen. Dës Produiten enthalen zum Beispill keng gëfteg oder gesondheetsschiedlech Stoffer si hunn nëmme wéineg Parfum an d’Tensiden, déi benotzt ginn, si séier biologesch ofbaubar.

All d’Informatiounen heizou fannt Dir och op shop-green.lu.

Back to Top
CIM LOGO