
„Shop Green“, dat ass e Label, deen ee mëttlerweil ëmmer erëm an de Geschäfter gesäit. Mee wat stécht genee dohannert? D’Chiara Wohl vun der SuperDrecksKëscht erkläert dem Nico Thielen am Gespréich, datt Shop Green eng Campagne vun der SuperDrecksKëscht ass, déi drop ausgeriicht ass, ëmweltfrëndlech an nohalteg Produiten am Handel besser siichtbar ze maachen. De Label soll de Konsumenten dobäi hëllefen, séier a kloer ze erkennen, wéi eng Produite manner Offall verursaachen.
A wat fir Produite fënnt een dann ënner dësem Label ?
Shop Green deckt eng ganz Rei vu Produktkategorien of wéi zum Beispill Faarwen a Lacken, Wäsch- a Botzmëttel, Schoul- a Bürosmaterial, bis hin zu Liichtmëttel, Rinse-Off-Produiten oder Hygiènespabeieren.
Et geet also ëm Alldagsproduiten, déi a vill Haushalter reegelméisseg gebraucht gi grad do, wou bewosst Entscheedungen eng grouss Wierkung hunn.
A wéi erkennt een dës Produiten dann am Geschäft ?
Am Geschäft kann een op de Shop Green Label oppassen, dat si kleng Etiketten, si hänke ganz oft un de Regaler bei de Produiten. Dëse Label weist de Konsumenten, datt de Produit nohalteg Krittäre respektéiert an eng méi ëmweltfrëndlech Alternativ duerstellt.
All d’Informatioune heizou fannt Dir och op shop-green.lu.