
Holzäschen gehéieren net zu den typeschen SDK-Produiten mee och hei ass eng richteg entsuergung wichteg, Chiara Wohl.
Effektiv sinn Holzäschen kee Produit de vun eis oder iwwert SuperDrecksKëscht agesammelt gëtt. An awer si gewësse Punkten ze berücksichtege beim Ëmgang a bei der Entsuergung
Virun allem am privaten Ëmfeld entstinn Äschen, sief et duerch Kamäin-Feier oder Pelletheizungen. Wéi gesäit et dann do mat der Entsuergung aus?
Äsche kënne leider net recycléiert ginn, a mussen iwwer den Hausoffall, also déi schwaarz Poubelle entsuergt ginn. Dëst awer eréischt wann d’Äsche gutt ofgekillt sinn! Bei kommerziellen Ariichtungen gëllen nach aner Prozeduren.
Wéi gesäit et dann am professionelle Secteur aus?
Hei muss fir d‘éischt d’Qualitéit vun den Äschen analyséiert ginn. Méiglech Uwendungen vun den Äsche sinn dann:
o Als Fillerstoff an der Zementindustrie
o Als Zousazstoff am Stroossebau
o Oder Deponie / Entsuergung
Gëtt et en Trick 17 ? Äschen als Hausmëttel?
Jo, zum Beispill ofgekillten Äschen, ze benotze fir d’Glasfront vum Kamäin ofzemaachen. Dogéint schwätzt absolut näischt. Virausgesat et sinn Äschen aus natierlechem an onbehandeltem Holz.
Et kann een se och benotze fir säi Selwer Besteck domadder erëm blénkeg ze kréien oder als mëllt Schaiermëttel benotzen. Am Beschten benotzt een heifir dann och Kichepabeier, a geheit dësen dono ewech.
Wat allerdéngs Falsch ass: Et soll een d’Äschen net als Dünger fir de Gaart benotzen, well des d’Buedemqualitéit verännere kennen.
Alles zum Thema Offallentsuergung op sdk.lu.