Botzen mat Verantwortung Wäsch- & Reiningungsmëttel - Är bewosst Wiel

IPL - sponsored content
Wat beim Akaf, Gebrauch an Entsuergung vu Botzmëttel wichteg ass
© SuperDrecksKëscht

SDK: Publi 23.04.2026

Wäsch- a Botzmëttel benotze mir all Dag. Firwat ass et wichteg, hei bewosst ze wielen? Am Interview erkläert d'Chiara Wohl vun der SuperDrecksKëscht dem Nico Thielen, datt wäschen a botzen ëmmer en Afloss op d’Ëmwelt an Gesondheet huet, besonnesch op d’Waasser. Dofir ass et wichteg, ëmweltfrëndlech Produiten ze benotzen an se richteg ze doséieren. Dat schützt net nëmmen d’Natur, mee och Gesondheet.

A wat fir Produite falen dann ënner dës Kategorie?
Ënner dës Kategorie falen ënner anerem Wäschmëttel a Weichspüler, mee och Botzmëttel aus eisem Alldag wéi Allzweckreiniger, Fënster- a Buedembotzmëttel, Spullmëttel oder Entkalker.

A wat kann ech konkret maachen, fir méi nohalteg a manner Gesondheetsschiedegent ze botzen?
Niewent der Wiel vun ëmweltschounende Produiten ass och déi richteg Uwendung ganz wichteg. Dat heescht virun allem déi richteg Doséierung, déi richteg Temperatur, domat ass net gliddeg Warm gemengt, an déi passend Botztechnik. Oft geet et schonn duer mat e puer Produiten fir säin Doheem ze botzen. Et brauch ee keng 15 verschidden Produiten fir e Fleck ewech ze kréien. Och schonn beim Akaf vun dëse Produiten, kann een op Produiten mam Label Shop Green zeréckgräifen. Des hu manner Tensiden, manner Zousazstoffer wéi zb Parfum a manner Verpackungen.

A wéi entsuergen ech Botzmëttel Verpackunge richteg?
Wichteg ass och d'Entsuergung: Behälter mat Geforensymboler, dat sinn déi rout Rauten op der Récksäit vun de Behälter, gehéieren net an déi schwaarz Poubelle. Eidel Verpackungen ouni Geforensymbol kënnen an de bloe Sak oder iwwert de Ressourcenzenter entsuergt ginn. Verpackungen mat Geforensymbol kann een iwwert d’Mobil Sammlung vun der SuperDrecksKëscht oder am Ressourcenzenter ofginn.

Weider Informatiounen heizou ginn et op shop-green.lu.

Back to Top
CIM LOGO