"Domat bass du räich, räich u Ressourcë fir de Recyclage"Wat stécht an enger Batterie?

IPL - sponsored content
Eng eidel Batterie huet hir Liewensdauer nach net onbedéngt hannert sech. Mat der richteger Sammlung kënne wäertvoll Materialie nees genotzt ginn.
© SuperDrecksKëscht

Ob am Handy, am Laptop oder an der Telecommande: Batterië gehéieren zu eisem Alldag. Wann se eidel sinn, sollen se awer net einfach an der Dreckskëscht landen. Firwat se separat gesammelt ginn a wéi eng wäertvoll Ressourcen sech doranner verstoppen, dat erkläert den Andy Maxon, Direkter vun der Ecobatterien ASBL.

Firwat ass et esou wichteg, Batterië richteg ze trennen? Andy Maxon, Direkter vun der Ecobatterien ASBL.

Also, d'Batterien si consideréiert als geféierlech Offäll. Déi hunn eng richteg Repercussioun op d'Ëmwelt, mee och op d'mënschlech Gesondheet. Dofir mussen se getrennt ginn.

Duerch den europäesche Reglement iwwert d'Batterië gëtt och d'Sensibiliséierung vum Public gefërdert. D'Ecobatterien ASBL huet dofir eng Campagne lancéiert: „Domat bass du räich, räich u Ressourcë fir de Recyclage“.

Jo, dat ass eng Campagne, déi hu mer dëst Joer lancéiert. An do ass en duebele Message fir de Publikum. Op der enger Säit seet een, jo, passt op, do sinn d'Batterien, dat si wäertvoll Ressourcë fir eis Industrie. Mir schwätze jo vill vu Lithium, vu Kobalt, vu Nickel. An op där anerer Säit hu mer och e klenge Slogan op eis Campagne, dat ass, passt op, wannechgelift, gehäit Är Batterien net an d’Dreckskëscht.

Wat muss ee mat de Batterien da maachen?

Batterië musse getrennt ginn an da mussen déi an de richtege Container gesammelt ginn. Mir hunn hei zu Lëtzebuerg iwwer 300 Points de collecte. Ech mengen, Dir kennt warscheinlech all déi Fässer, déi mir mat der SuperDrecksKëscht organiséieren, déi an de Geschäfter sinn, mee och an de Ressourcëzenteren.

All weider Informatioune fannt Dir och op www.batterien.lu

SDK Interview 06.10.2026: Ecobatterien

Back to Top
CIM LOGO