
Am Interview mat der Superdreckskëscht erklärt d’Chiara Wohl dem Nico Thielen iwwert déi wichteg Opklärungsaarbecht, déi d’SDK leescht. D’Zil ass et, d’Bierger an Betriber ze informéieren, ze sensibiliséieren an hinnen ze weisen, wéi ee Geforen am Ëmgang mat gewësse Produite vermeide kann. SDK setzt sech jo fir eng richteg Entsuergung vum Offall an, mat engem Fokus op Ressourcenschounung, Offallvermeidung, Nohaltegkeet an der Kreeslafwirtschaft. Fir déi Visioun no baussen ze brénge gëtt et d’ d’SDK Akademie, déi Formatiounen a Visitten am Logistik Center zu Colmar-Bierg ubidden, u Schoulen an och u Professioneller. Och Gemengepersonal a Mataarbechter aus Ressourcenzentere profitéiere vun dëse Formatiounen.
Zousätzlech kommunizéiert d’SDK mat Bierger a Betriber iwwert eng breet Pallette vu Kanäl vum Radio, iwwert sozial Medien bis Publikatiounen an der lokaler Press oder Magaziner.
Gitt och op SDK-akademie.lu op sdk.lu.