Alles wat een als ëmweltbewosste Bierger wësse wëllZanter 40 Joer: SDK fir Bierger

RTL Lëtzebuerg
D’SDK fir Bierger gëtt et Mëttlerweil zanter 40 Joer. An dofir seet d'Superdreckskëscht alle Bierger Merci, well ouni si, wär et net méiglech gewiescht.
© SuperDrecksKëscht

SDK - Biergersammlung - Chiara Wohl 10.12.2025

SuperDrecksKescht ass virun allem fir hier Sammlung bei de Bierger bekannt, a mat der Bierger Sammlung huet och alles ugefaange erkläert Chiara Wohl dem Nico Thielen am Interview:

Firwat gëtt et déi mobil Sammlung eigentlech:

Wa problematesch Substanze mam Hausoffall entsuergt ginn, kënne Schuedstoffer an d’Loft, de Buedem oder d’Grondwaasser kommen a soumat der Ëmwelt an eiser Gesondheet schueden. En anere wichtege Grond fir déi richteg Sammlung an Trennung vu problematesche Produiten ass, dass Haut vill vun dëse Matièren deelweis oder souguer vollstänneg recycléiert kënne ginn.

Wéi funktionéiert d’Sammlung?
Déi mobil Sammlung gëtt et 4 Mol am Joer uechtert ganzt Land. Dëst mam Servicecenter oder den “Annahmestellen” op zentrale Plazen oder als Haus-zu-Haus-Sammlung.
Dobäi ginn et och fest Sammelstellen an de Ressourcenzenteren wat och gratis ass.
Bei enger Hausräumung kënnt Dir eise Sammlungsservice ufroen per E-Mail oder Telefon ufroen um
488216-1 oder info@sdk.lu. Just opgepasst, d’SDK sammelt kee Sperrmüll

Wann een onbekannt Produkter huet mussen ënner Ëmstänn Analyse vun eisem Labo gemaach ginn, och do um Beschten de 488216-1 oder info@sdk.lu kontaktéieren.

Ee gudden Tipp fir manner ze verbrauchen ass just souvill ze kafe wéi ee brauch. Wat sinn aner Tipps?

Wa méiglech soll een ëmmer op Nohalteg Produiten zeréck gräifen.
Eng ëmweltfrëndlech an nohalteg Léisung si Produite déi mam Label „Shop Green“ gekennzeechent sinn, z.B. bei Botzmëttel, Faarwen oder Seefen.

All d’Informatiounen och op sdk.lu.

Back to Top
CIM LOGO