
Aus Angscht, dass hiert Déierchen am Auto stierwe géing, huet d’Besëtzerin kuerzerhand d’Police kontaktéiert. Well de Mupp a Liewensgefor war, sinn d’Beamten op d’Plaz gefuer an hunn de Véierbeener mat senger Besëtzerin an d’Spidol eskortéiert, wou deem Klenge konnt gehollef ginn. Et geet him mëttlerweil nees besser.