
Den Alpaka soll nämlech ageschléifert ginn, well hie positiv op Randbéischt-Tuberkulos getest gouf. D’Besëtzerin vum Déier ass allerdéngs iwwerzeegt, dass d’Resultat vum Test op dës Zort Tuberkulos falsch-richteg wier. Den Ëmweltministère besteet dogéint drop, d’Déier dout ze maachen an huet viru Geriicht gewonnen.
An deem Kader ass e Méindeg e Protestmarsch an der Downing Street geplangt, zesumme mat liewegen Alpakaen.
All Joer stierwen an England eng Abberzuel Déieren duerch Randbéischt-Tuberkulos. Den Erreeger kann och op de Mënsch iwwerdroe ginn.