Galapagos-InselD'Deckelsmouk Chelonoidis phantasticus ass awer net ausgestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Wëssenschaftler hunn op der Insel Fernandina eng Entdeckung gemaach, déi Déierefrënn an Naturschützer freeën dierft.
© Afp/AFP/Archiv/Rodrigo BUENDIA

2019 gouf jo eng riseg Deckelsmouk op der Galapagos-Insel Fernandina fonnt. Elo huet sech erausgestallt, dass dës zu enger Aart gehéiert, vun där een ugeholl huet, dass se zanter iwwer 100 Joer ausgestuerwen ass. Elo gouf d’Existenz vun der “Chelonoidis phantasticus” beluecht.

Genetiker vun der Universitéit Yale hunn d’DNA vun engem Weibche mat där vun engem Männchen aus dem Joer 1906 verglach an eng Iwwerteneestëmmung festgestallt.

Chelonoidis phantasticus ass eng vu 15 Risendeckelsmouk-Zorten, déi op de Galapagos-Insele liewen. Op Santa Fe a Pinta sinn déi typesch Aarte schonn ausgestuerwen. Dass et op der Insel Fernandina nach een Exemplar gëtt, géing Hoffnung maachen, huet den Direkter vum Galapagos-Nationalpark Danny Rueda erkläert.

De Lonesome George (Chelonoidis abingdonii), deen 2012 am Alter vun iwwer 100 Joer gestuerwen ass, war de leschte vu senger Aart. Sämtlech Versich, hie mat Weibercher vun aneren Ënneraarten ze verkoppelen, si mësslongen.

Back to Top
CIM LOGO