Illegale Welpenhandel an DäitschlandD’Demande no Hausdéieren ass duerch Corona geklommen

RTL Lëtzebuerg
Grad elo duerch d’Pandemie wënsche sech vill Leit Gesellschaft duerch e klengen Hond, fir manner eleng ze sinn.
© Tierheim Feucht

Den Däitschen Tierschutzbund konnt feststellen, datt déi Interesséiert net laang op esou ee Welpe wëlle waarden. Si sinn dann och bereet, deier dofir ze bezuelen.

Illegalen Handel mat Welpen huet sech bal verdräifacht

D’Déierenasyler an déi seriö Ziichter an Däitschland kënnen der héijer Unzuel un Ufroen net gerecht ginn. Dowéinst probéieren der da vill, fir iwwert den Internet un esou een Déierchen ze kommen. 2020 huet sech den illegale Welpenhandel am Verglach zu 2019 bal verdräifacht. Bei de Kaze waren dat der 6 Mol esou vill. Den Däitschen Tierschutzbund fäert, datt et dëst Joer nach schlëmmer wäert ginn. Vu Januar bis Enn Mäerz goufen et bis elo schonn zwee Drëttel vun de Fäll vum ganze leschte Joer. Dëst si just déi Fäll, déi bekannt sinn. Si rechnen domadder, datt d’Donkelziffer vill méi héich ass.

Vill Annoncë vun illegalen Déierenhändler am Internet

Prinzipiell soll ee keen Déier iwwer Internet kafen. Esou kann ee sech nämlech net vergewësseren, wéi d’Déierche an d’Eltrendéiere bis dohinner gelieft hunn, respektiv ob se aartgerecht behandelt gi sinn. Mëttlerweil ass et awer esou, datt sech d’Annonce vun de kriminellen Déierenhändler bal net méi vun deene vun de seriöen Ziichter ënnerscheeden. Fotoe vu gudder Qualitéit vun de Welpen an Elterendéieren, e flotten Text an héich Präisser garantéieren net méi, datt et sech do wierklech ëm eng seriö Persoun handelt. Déi illegal Händler versichen alles, fir sech wéi en zouverlässegen Ziichter ze presentéieren. Dacks kritt een och falsch Mammendéiere gewisen, fir esou d’Täuschung perfekt ze maachen. D’Déierche kritt een dann awer net, wéi ofgemaach, an der Wunneng. Grënn wéi eng Renovatioun oder eben Corona sinn dann Excusen, fir datt de Rendez-vous awer op enger ëffentlecher Plaz ass. Intermediaire këmmere sech ëm de Verkaf vun de Welpen. Déi eigentlech Responsabel liewen am Ausland. U si kënnt meeschtens näischt, wann dann nom Verkaf Problemer optrieden. E puer Deeg, nodeems esou e klenge Mupp a sengem neien Doheem ass, stellt de Veterinär da fest, datt den europäeschen Impfpass eng Fälschung ass. Héich Käschte kënnen dann ufalen, wann d’Déierchen dann och nach krank gëtt.

Wéi ënnerscheede sech seriö Ziichter vun illegalen Händler?

Net seele kréien d’Déiere Krankheeten duerch déi schlecht Konditiounen an deenen “Zuchtfabriken” an Osteuropa. Si hunn dann dacks Féiwer, hunn Duerchfall a sinn dowéinst dann och deshydratéiert, esou d’Hester Pommerening vum Däitschen Tierschutzbund. Ënnerernierung an d’Impfungen, déi net gemaach gi sinn, droen dozou bäi, datt se schlëmm krank kënne ginn. Den Transport an déi ze fréi Trennung vun hirer Mamm féieren zu séilegem Stress. Dacks iwwerliewen d’Welpen den Transport mol net.

D’Liewe vun den Elterendéieren an deene Fabricke besteet doraus, datt esou vill méi méiglech Welpen op d’Welt kommen. D’Mammendéieren an d’Ritte liewen do ënner schrecklechen Zoustänn a klengen Zwinger. Si gesi keen Dagesliicht an hu kee Kontakt mat aneren Hënn. Mënschlech Zouwendung oder Visitte vum Veterinär kenne si net. Och si leiden ënner Krankheeten. Net d’Gesondheet ass de Krittär, firwat si erausgesicht gi sinn, fir ze ziichten, mä d’Ausgesinn. Wann d’Elterendéieren net méi déi gewënschte Leeschtung bréngen, da gi se ausgesat, respektiv ageschléifert.

Bei seriöen Ziichter huet een d’Méiglechkeet, d’Elterendéieren an d’Welpen e puer Mol besichen ze goen. Dëst ass do esou guer erwënscht. D’Déiere sollten do och mat an der Famill liewen an d’Hygiène soll agehale ginn. E gudden Ziichter stellt dem potentiellen neie Proprietär vun esou engem klenge Mupp vill Froen, fir erauszefannen, ob een him e gutt Doheem bidde kann.

Hei zu Lëtzebuerg brauch een eng ministeriell Autorisatioun, fir kënne mat Welpen ze handelen. Hei ass et verbueden, e Welpen an engem Geschäft, op engem Maart oder op der Strooss ze verkafen, esou den Dr Félix Wildschutz vun der Veterinärsinspektioun. An Europa mussen d’Welpe mat engem Mikrochip identifizéiert sinn, e valabelen, europäesche Pass hunn an eng Tollwutimpfung ass och obligatoresch. Déi kleng Muppe musse bannent 48 Stonne virum Depart am Ursprongsland klinesch ënnersicht ginn. Dësen offizielle Veterinär dréit den Transport vum Déier an den TRACES-System an. Dëst erméiglecht der Veterinärsinspektioun vun deem Land, wou d’Welpen hi kommen, déi néideg Kontrollen ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO