"Tiger Habib" am Bangladesch festgehollDe Braconnier soll 70 Kinnekstiger dout gemaach hunn

RTL Lëtzebuerg
D'Police am Bangladesch konnt e berüchtegte Braconnier festhuelen, deen an 20 Joer 70 menacéiert Kinnekstiger soll ëmbruecht hunn.
© AFP/Archiv/Raul ARBOLEDA

Bis ewell war den Habib Talukder - och “Tiger Habib” genannt - der Police ëmmer entwëscht. Duerch en Hiweis ass et de Weekend awer gelongen, hien an de Prisong ze bréngen.

Dem Talukder säi Juegdgebitt waren d’Sunderbans-Mangroven-Bëscher un der Grenz tëscht Indien an dem Bangladesch, ee vun de gréisste Liewensraim vun de Kinnekstiger op der Welt. De 50 Joer ale Mann huet am Ufank an de Bëscher Hunneg vu wëlle Beie gesammelt, ier hien zum Braconnier gouf. “Mir respektéieren a fäerten hie gläichzäiteg”, sot den Hunneg-Sammler Abdus Salam. “Hien ass e geféierleche Mann, deen eleng géint Tiger am Bësch kämpfe konnt.”

Kinnekstiger sinn eenzegaarteg ënnert de grousse Raubkazen. Si kënnen am Waasser vun de Mangrovebëscher liewen a joen, well si gutt Schwëmmer sinn. De Pelz, d’Schanken a souguer d’Fleesch vun den Tiger ginn um Schwaarzmaart a China an anere Länner verkaaft.

No den Opzeechnunge vun de fir d’Bëscher zoustännegen Autoritéiten ass de Bestand vun de Kinnekstiger 2015 op en Déifstand vun 106 Exemplairen gefall. Am Joer 2004 gouf et nach 440 Déieren. Bis 2019 ass d’Zuel liicht an d’Luucht gaangen, op 114. Dozou bäigedroen huet de verstäerkten Asaz géint Wëlddéif. De Bëschschützer Mainuddin Khan huet sech erliichtert iwwer d’Verhaftung vum “Tiger Habib” gewisen. De Braconnier wier “eng grouss Menace fir d’Biodiversitéit vum Bësch” gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO