
10 Joer no senger Heldendot ass de Baaschtert verscheet. Weltwäit trauere Social-Media-Notzer elo ëm de Kabang.
“Du waars ëmmer eng Heldin, méi selbstlos wéi all déi aner”, sou den Déierendokter, deen de Mupp no senger Rettungsaktioun behandelt a spéider bei sech doheem opgeholl huet.
Zu sengen Éiere soll de Kabang elo nieft senger eegener Statue zu Zamboanga begruewe ginn.
Am Joer 2011 hat hie fir Schlagzeile gesuergt, wéi hie sech virun e Motorrad geworf huet, fir zwee jonke Meedercher d’Liewen ze retten. Beim Accident gouf him en Deel vu senger Schnuff a sengem Kifer erofgerappt. Duerch eng Spendenaktioun sinn iwwer 22.000 Euro erakomm, mat deenen den horegen Held konnt behandelt ginn. Hien huet eng Partie plastesch Operatioune missen iwwert sech ergoe loossen. Seng Maul konnt doduerch nees zum Deel rekonstruéiert ginn.