BrandenburgDe Kueder Bobby huet et op d'Stëmmziedele vun de Bundestagswale gepackt

RTL Lëtzebuerg
D'Awunner am Süde vu Brandenburg wäerten net schlecht stauen, wa si hire Walziedel ausfëllen. Do steet nämlech e komeschen Numm drop.

Den Déierefleeger Michael Gabler ass eng vun de Persounen, déi d’Awunner am Kader vun de Bundestagswalen zu Dahme-Spreewald an Teltow-Fläming wiele kënnen. Wéi all déi aner parteilos Kandidaten och huet hie missen e bestëmmten “Code” auswielen. Ganz am Glawen, dass ee sech mat dësem spezielle “Code” muss via Telefon identifizéieren, huet den Déierefleeger sech fir “Bobby” entscheet. Ganz einfach ze mierken, well dat den Numm vu sengem Kueder ass.

Falsch gemengt! Wat den 48 Joer ale Mann net wosst, ass, dass een als Eenzelkandidat jo keng Partei ugëtt, mä ee Wuert oder e puer Wierder, mat deenen d’Wieler ee besser anuerdne kënnen. Ee vun de 16 Direktkandidaten huet zum Beispill “Demokratie verdeedegen” uginn. Hannert dem Michael Gabler sengem Numm steet kuerz a knapp just ee Wuert, dat definitiv aus der Mass erausstécht... Nämlech “Bobby”, schreift d’Märkische Allgemeine.

E Mëssel, deen net méi ka réckgängeg gemaach ginn. D’Walziedele goufen alleguerte geprint. Elo bleift dem Déierefleeger just nach ze hoffen, dass vill Déierefrënn oder Leit mat Humor e Kräiz hannert säin Numm maachen an dëse Faut pas him net schuet, mä vläicht esouguer e puer Wielerstëmmen erabréngt.

Wéi geet de Bobby mat där ganzer Opmierksamkeet ëm? Dëse schéngt vun doheem fortgelaf ze sinn, huet de Michael Gabler der Märkische Allgemeine géintiwwer gesot. Zanter 2 Woche wier hien net méi heem komm.

Back to Top
CIM LOGO