
Op der Universitéit York freet ee sech den Ament iwwert eng nei Touristenattraktioun. Domat ass kee Monument gemengt, mä en Zweebeener. “Long Boi” gouf dat 70 Zentimeter laangt Déier gedeeft, dat sech duerch seng Gréisst vu sengen Aartgenossen ënnerscheet. Tëscht den “normalen” Inten um Campus stécht hien direkt an d’Ae, well et sech ëm eng Hybridkräizung vun 2 Zorten handelt, erkläert d’Zoe Duffin, eng Biologie-Studentin vun der Uni York.
De “Long Boi” suergt net nëmme bei de Studente fir Schmunzelen, mä bei dausende Mënschen uechter d’Welt. Ronn 24.000 Fans zielt hie mëttlerweil op Instagram an d’Uni verkeeft esouguer Fan-Artikele vun him.