Birga DexelDéi bekanntste Kazentherapeutin aus Däitschland

RTL Lëtzebuerg
D’Birga Dexel kenne mir och hei zu Lëtzebuer duerch d’Emissiounen op Vox “Hundkatzemaus” an “3 Engel für Tiere”.
© Katzenkita – Birga und Poppy: Birga Dexel

Hir Begeeschterung fir Kazen zitt sech wéi e roude Fuedem duerch hiert d’Liewen. Vu klengem un ass si mat Déiere grouss ginn a si kéint sech och guer net virstellen ouni Kazen ze liewen, esou d’Birga Dexel. D’Kazespezialistin huet sech laang fir den internationalen Aarteschutz agesat: sief dat ënner anerem fir Walen, Delfinen, Nashörner, Papageien an och Tigeren. Besonnesch fir déi am meeschte menacéiert grouss Kazen, d’Schnéileoparden am Kirgistan, huet d’Birga Dexel sech zesumme mam Naturschutzbund Däitschland engagéiert. Duerch illegal Juegd ginn et ëmmer manner Schnéileoparden. Do konnt si wärend siwe Joer zwou Leidenschafte matenee verbannen, déi fir den Aarteschutz a besonnesch déi fir d’Kazen.

Ob een dann elo méi wéi eng Kaz hale soll, hänkt ëmmer vun de respektive Kaze selwer of, déi een unenee gewinne wëll. Do geschéien dacks Feeler well een do op villes oppasse muss. Dacks gëtt gemengt, datt e Kazen net erzéie kann. Deem ass net esou. Dës Ausso berout op engem iwwerliefte Virurteel. Dee kann dovunner kommen, well Kaze genee wëssen, wat si wëllen a well et fréier nach keng Methode gouf, fir mat Kazen ze schaffen. Déi däitsch Kazentherapeutin huet ganz gutt Erfarung mam Clickertraining gemaach. Dës Method huet si aus dem Beräich vun de wëllen Déieren op d’Kazen adaptéiert. De Sproch “Hënn hu Besëtzer a Kazen hu Personal” gëtt et nach haut a ville Varianten. Och deen ass duerch Mëssverständnesser entstanen. Esouguer Etüden beweisen, wann e Kazen kazegerecht behandelt, da kënne wonnerbar Frëndschaften entstoen. Dofir ass et och wichteg d’Kierpersprooch vun de Kazen ze verstoen. Et soll een net dovunner ausgoen, datt d’Kierpersprooch vun den Hënn, déi selwecht wär, wéi déi bei de Kazen. Dat kéint soss zu ville Mëssverständnesser féieren. D’Birga Dexel mécht dacks d’Erfarung, datt d’Leit guer net wëssen, wat hir Kaz hinnen ze verstoe wëll ginn. Wat d’Miauen ubelaangt, dat maachen d’Kaze just mat eis Mënschen.

Et soll een eng Kaz och ni bestrofen, wa se eng gestiicht huet. Wann een dat awer mécht, da riskéiert een déi gutt Relatioun tëscht Mënsch an Déier, esou d’Birga Dexel. Si ass souwisou komplett dogéint, fir iwwerhaapt en Déier ze bestrofen. Doduerch léiert eng Kaz sech net besser ze behuelen.

Wann een elo eng Kaz an en Hond wëll unenee winnen, do wär et unzeroden, sech am Virfeld professionell Hëllef sichen ze goen, bei e Kazespezialist, deen sech mam Verhale vu Kazen auskennt, respektiv bei en Hondstrainer. Et soll gekuckt ginn, wéi eng Kaz passt bei wéi een Hond, an ëmgekéiert. E Juegdhond an eng Kaz géing d’Kazentherapeutin ni beieneen halen. Si weess do vu ville Situatiounen, bei deenen et schlecht ausgaangen ass. Am Fall vun enger Patchwork-Famill, wou deen ee schonn en Hond huet, an deen aneren eng Kaz, a kloer kee sech vu sengem Déier trenne wëll, do soll ee sech bewosst sinn, datt et laang dauere kann, fir déi Déieren uneneen ze winnen. Am Noutfall kann een et jo och esou handhaben, datt Kaz an Hond just ënner Opsiicht beienee sinn, also ni eleng. Fir eng Kaz un e Päerd ze winnen, wär méi einfach, esou d’Birga Dexel.

www.birgadexel.com

Back to Top
CIM LOGO