
Am Allgemenge soll een op dës Unzeechen oppassen, fir z’erkennen, ob eng Kaz krank ass: wa se schwaach ass, se manner oder guer net frësst, sech zeréckzitt, sech verstoppt oder wann hiert Fell ouni Glanz ass. Péng ka sech op verschidde Manéiere manifestéieren. D’Muuss kann dann aggressiv ginn, wann ee se op bestëmmte Plazen upéckt, erkläert de Veterinär Rawad El Khoury. Weider Indikatiounen, datt se wéi huet, kënne si, wa se bemol net méi op d’Kusch oder d’Bett sprange wëll, wa se humpelt, mat den Zänn grätscht, suddelt an d’Drëschefudder erëm erausspäizt. Eng Infektioun vun den Otemweeër, Stress oder staark Péng maache sech duerch eng séier Ootmung oder duerch Hechele bemierkbar.
Bei de Kazebëbeeë komme besonnesch 2 Krankheete vir. Dat Eent ass de Kazeschnapp, och Coryza genannt. Heibäi huet d’Kaz d’Nues zou an d’Aen entzünt. Dobäi kënnen nach e Schwier op der Zong, geschwolle Gelenker a Féiwer kommen. Bei dëser viraler Infektioun, déi dacks och eng bakteriell Surinfektioun ass, ass et wichteg, datt déi kleng Kaz séier behandelt gëtt. Soss kéint se en A verléieren, ophale mat iessen oder am schlëmmste Fall esou guer dru stierwen. Beim Typhus, och engem Virus, riskéiert déi kleng Kaz bluddegen Duerchfall ze kréien a si iwwergëtt sech. Bei dëser Krankheet deshydratéiert se a se riskéiert, a manner wéi 10 Deeg ze stierwen. Och hei ass et unzeroden, ganz séier ze handelen, fir d’Symptomer ze stoppen. Et kann een déi kleng Kazen awer géint dës zwou Krankheeten impfe loossen, fir se esou ze schützen. Wa Symptomer wéi déi, déi beim Kazeschnapp a beim Typhus optrieden, méi wéi een Dag daueren, da soll ee mat senger Kaz bei de Veterinär goen.
Am Alter kënnen d’Kaze méi dacks eng Niereninsuffizienz an eng Schilddrüseniwwerfunktioun kréien; Diabetis och scho bëssen éischter. Wann engem eppes Ongewéinleches bei de Kazen opfält, wéi vill drénken, vill iessen, wa se ofhuelen oder bäihuelen, da soll een handelen a bei den Déierendokter goen. Un der Quantitéit, wéi vill eng Kaz drénkt, léisst sech erkennen, ob se eventuell krank ass.
Wann eng Kaz Medikamenter muss kréien, dann hänkt et dovunner of, wéi kooperativ se ass. Wa si sech guer net wiert, da kann een hir d’Pëll an den Hals fale loossen, duerno d’Schnuff zou halen an da bëssen um Hals masséieren. Fir d’Fangeren ze schützen, kann een och mat engem “Lance pillule” d’Pëll an den Hals kréien, esou de Rawad el Khoury weider. Et ginn och verschidde Méiglechkeeten, d’Medikamenter a sou Crèmen ze verstoppen, déi den Déieren och nach gutt schmaachen. Wann d’Kaz sech nach méi wiert, da kann een d’Pëll muelen an an d’Iesse ginn oder mat e bësse Waasser vermëschen a mat Hëllef vun enger Sprëtz an d’Schnuff eralafe loossen. Déi allerlescht Méiglechkeet si Sprëtzen, déi der Kaz dann all Dag musse gemaach ginn.