Kleng AventureDéiereschen Asaz fir d'däitsch Police wéinst engem Hond am Zuch

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war en Husky eleng am Zuch vu Kruft op Koblenz ënnerwee. Dat huet d'Police op de Plang geruff.

Well kee wousst, wou d’Muppendamm higehéiert, gouf si vun de Beamten op der Gare zu Koblenz an Empfang geholl. Vum Proprietär keng Spuer an och de Buergermeeschter vu Kruft wousst net wouhi mam Déier.

Um Enn huet de Chip an eng grouss geluechte Sichaktioun op de soziale Reseauen den néidegen Erfolleg bruecht. D’Husky-Damm duerft nach emol mam Zuch Heem fueren, wou de Proprietär schonn iwwerglécklech gewaart huet.

Back to Top
CIM LOGO