Inzest am Berliner DéiereparkDem Äisbier Hertha seng Eltere si Geschwëster

RTL Lëtzebuerg
An engem Déierepark an der däitscher Haaptstad koum et zu enger dramatescher Verwiesslung.
© dpa/AFP/Archiv/Maurizio Gambarini

Bei enger rezenter Gen-Analys koum nämlech eraus, dass dem Äisbier Hertha seng Eltere matenee Famill sinn. Fir genau ze si Brudder a Schwëster.

Virun 10 Joer koum et zu enger Verwiesslung vun 2 weiblechen Äisbieren. Dem Hertha seng Mamm Tonja gouf mat engem aneren Déier verwiesselt, dat mat hir zu Moskau zesummen a Quarantän war, sou heescht et aus dem Berliner Déierepark.

Duerch Dokumenter aus dem Moskauer Zoo, déi lescht Joer opgedaucht sinn, hätt een an Däitschland d’Ofstamung vun der Mamm ugezweiwelt. Eng Gen-Analys sollt du Kloerheet schafen. Schlussendlech koum eraus, dass dem Hertha seng Mamm net vum Untay a Murma ofstaamt, mä vun den Äisbiere Vrangel a Simona. Déi lescht sinn iwwerdeems och d’Eltere vum Wolodja, dem Hertha sengem Papp.

Hätt ee méi fréi doriwwer Bescheed gewosst, hätt een d’Äisbieren net fir eng Zuucht recommandéiert, sou de Moskauer Zoo. Et wier e Feeler gewiescht. En Zesummenhang mam Doudesfall vum klengen Äisbier Fritz, deen 2017 gestuerwen ass, géing et “mat gréisster Warscheinlechkeet” awer net ginn, betount de Berliner Déierepark.

D’Hertha huet den 1. Dezember 2018 d’Liicht vun der Welt erbléckst a gouf nom Futtballveräin Hertha BSC benannt, deen d’Patenschaft vum Déier iwwerholl huet.

Back to Top
CIM LOGO