
“Mat schwéierem Häerzen deele mir Iech all mat, dass eise léiwen Däitsche Schéiferhond Champ friddlech doheem gestuerwen ass”, sou den US-President a seng Fra Jil e Samschdeg zu Washington.
Den Champ huet sech owes ëmmer gär virum Kamäin zesummegerullt, hätt d’Biden-Famill och bei Rendez-vouse Gesellschaft geleescht an hätt sech gär am Gaart vum Wäissen Haus gesonnt. A senge méi jonke Jore wier hien ëmmer gär de Golfbäll nogelaf a mat den Enkel vum Joe Biden Fänkches gespillt.
“An eise glécklechste Momenter an an eise trauregsten Deeg war hie bei eis. Mir hunn eis séisse, gudde Jong gär a mir wäerten hien ëmmer vermëssen.”
