GroussbritannienDen Alpaka Geronimo gouf elo ageschléifert

RTL Lëtzebuerg
No wochelaangem Sträit deelt de Landwirtschaftsministère zu London mat, datt d'Déier elo ageschléifert ginn ass.
© Tolga Akmen / AFP

Esou soll d’Ausbreedung vun der déidlecher an ustiechender Randbéischt-Tuberkulos gestoppt ginn. De Geronimo gouf zwee Mol positiv op d’Krankheet getest. D’Besëtzerin vertrëtt awer d’Meenung, datt hiert Déier gesond wier an huet e weideren Test ugefuerdert.

E brittescht Geriicht hat decidéiert, datt de Geronimo misst ageschléifert ginn, well d’Besëtzerin an den Déierendokter sech weigeren, huet d’Police den Alpaka en Dënschdeg am Nomëtteg beschlagnaamt. Wéi d’Zeitung “The Sun” matdeelt, hunn eng Dose Polizisten eng Rëtsch Mataarbechter vum Ministère virun den Demonstranten ofgeschiermt. Hei gouf eng Fra festgeholl, wéi si e Beamte mat enger Waasserpistoul ugesprëtzt huet. D’Sun schreift weider, datt de Geronimo nach de selwechten Dag sollt ëmbruecht ginn.

De Sträit ëm d’Liewe vum Alpaka hat Groussbritannien deeglaang beschäftegt. 150.000 Mënschen hunn d’Petitioun ënnerschriwwen, fir de Geronimo ze retten. De Fall hat esouguer d’Famill vum Premier Boris Johnson erreecht. Säi Papp, de Stanley Johnson, huet sech fir d’Liewe vum Déier ausgeschwat. Vue datt Randbéischt-Tuberkulos en eeschthafte Problem fir déi brittesch Landwirtschaft duerstellt, ass d’Regierung staark bliwwen.

Back to Top
CIM LOGO