
D’Déier gouf zwee Mol positiv op Randbéischt-Tuberkulos getest. Dowéinst hat de britteschen Ëmweltministère decidéiert, dass den Geronimo misst aschléifert ginn. Eng Decisioun, mat där d’Besëtzerin Helen Macdonald net averstane war an nach ëmmer net ass. Si vertrëtt d’Meenung, dass d’Tester onzouverlässeg wieren an zweiwelt net u sengem Gesondheetszoustand.
Iwwer 90.000 Leit hunn doropshin eng Petitioun ënnerschriwwen a sech fir den Geronimo agesat. Et gouf esouguer an der Downing Street protestéiert, wou sech fir de Véierbeener staark gemaach gouf.

E puer Dosen Alpaka-Ziichter, Déiereschützer an Awunner hate sech zesummegedoen an d’Déier ronderëm d’Auer bewaacht. Wéi d’Noriichtenagence PA schreift, wollt den Ëmweltministère d’Aschléiferen e Mëttwoch awer net duerchféieren, fir der Besëtzerin Zäit ze ginn, sech op deen Dag virzebereeden. Allerdéngs gouf dat endgültegt Urteel gesprach: Den Alpaka muss stierwen. Dat huet e Geriicht zu London confirméiert.