
De Besëtzer huet direkt d’Police geruff. Bei den Ermëttlunge konnte Verletzungen duerch en anert Déier oder en Accident ausgeschloss ginn. Et geet een och dovunner aus, dass der Kaz de Kapp op enger anerer Plaz ofgetrennt gouf a se dunn zeréck an dem Besëtzer säi Gaart geluecht gouf. Dat, well op der Plaz keng Bluttspueren ze fanne waren.
De Kapp vum Véierbeener konnt sur place net fonnt ginn a gëtt weiderhi vermësst. D’Police vu Saarburg mécht elo weider Enquêten an rifft eventuell Zeien, op sech bei hinnen ze mellen.