
D’Posh Spice, déi de Spëtznumm vun der Spice-Girls-Sängerin Victoria Beckham krut, huet en neie Weltrekord op d’Bee gestallt. Wéi d’British Limousin Cattle Society schreift, wier d’Kou leschte Freideg fir e stolze Präis vu bal 300.000 Euro versteet ginn.
Nieft dem Numm konnt dat 1 Joer aalt Déier och mat hirer Intelligenz an hirer Eleganz punkten.
Hirem Numm all Éier gemaach hat och hir Mamm Milbrook Gingerspice, déi nom Geri Halliwell benannt gouf.