
Fir d'Spiller vun de klenge Länner geet natierlech och ëmmer e gréissere Staff u medezineschem Personal mat, dorënner d'Nina Goedert an de Felix Hoffmann.
D’Medezinesch Ekipp am Andorra hält d’Lëtzebuerger Sportler fit
D’Spiller vun de klenge Länner am Andorra hunn ugefaangen. Verletzungen si leider ze erwaarden. Mee eis medezinesch a paramedezinesch Ekipp ass vum Ufank u bereet fir d’Sportler ze begleeden. Et ass fir d’Drëtt, dass d’Kinesitherapeutin Nina Goedert, a fir d’Véiert, dass den Orthoped Felix Hoffmann bei de Spiller dobäi sinn.
Néng weider Kinéë sinn dobäi, mee sou einfach fir matzemaachen, war et fir si net. Fir d'éischt hu si sech musse mellen, an da goung et weider mat enger Selektioun. Do gouf op bestëmmt Krittären opgepasst, wéi d’Qualifikatiounen an Erfarungen, erkläert d’Kiné Nina Goedert.

© Fernand Schmitz
D’Doktere sinn zu véier do. Si goufe gefrot fir matzemaachen. Deel vum Team ass en Internist a puer weider Spezialisten an der Médecine Physique. Ënnert anerem ass den Orthopäd Felix Hoffmann och op der Plaz.
De Planning
Si hunn ëmmer eppes ze dinn, an dat vu moies frei bis owes spéit. Fir alles genee ze plange, gëtt all owes e Briefing gemaach. Si versiche soumat d’Posten esou opzedeelen, dass si sou effektiv wéi méiglech den Dag drop schaffen. Mee sou einfach ass et net.
"Et ass e groussen Challenge", seet d’Nina Goedert, "Et ass awer alles machbar"
Si si bereet
D’Dokteren a Kinéë versichen ëmmer present ze si fir d’Blesséierter ze behandelen. "D’Verletzungen gi vu bis. Vu klenge Schürfungen bis zu gréissere Rëss. Mir erwaarden eigentlech ëmmer sou ëm di 4 bis 5 gréisser Verletzungen", esou den Dr. Felix Hoffmann.

© Fernand Schmitz
Hir perséinlech Erfarungen
Dat wichtegst fir d’Nina Goedert an de Felix Hoffmann ass den Teamgeescht an d’Motivatioun. Si soen, dass d'Stëmmung am Bus ganz gutt war. Si waren och gutt mat Iessen a Gedrénks ekipéiert, wéi den Dr. Felix Hoffmann betount.
Béid sinn dovunner iwwerzeegt, dass si och duerch sou Evenementer nei Saachen entdecken.
"Di étroite Kollaboratioun mat anere Professioune, wéi zum Beispill, mat den Dokteren, ass einfach immens flott", fënnt d’Kiné Nina Goedert.