Direkt um éischten Dag vun de Competitiounen huet Lëtzebuerg déi éischt Medailen, dorënner ee Mol Gold, zwee Mol Sëlwer an ee Mol Bronze, gesammelt.

Am fréie Moie waren als éischt d'Dammen um Vëlo op knapp 15 Kilometer gefuerdert. Mat engem Chrono vun 20:39.5 ass d'Goldmedail un d'Marie Schreiber gaangen an hannendru konnt d'Nina Berton sech mat 21:39.74 Minutte Sëlwer sécheren. De Podium komplettéiert huet d'Islännerin Hafdis Sigurdardottir.

D'Marie Schreiber an d'Nina Berton am RTL-Interview
Am Zäitfuere vun den Dammen ass et fir Lëtzebuerg Gold a Sëlwer ginn

Duerno war et dann nach un den Hären, wou et op engem Circuit, dee 700 Meter méi laang war wéi bei den Dammen, op en neits zwee Lëtzebuerger op de Podium gepackt hunn. Den Alex Kirsch huet mat engem Chrono vun 20:02.38 d'Sëlwermedail gewonnen a fir de Mats Wenzel gouf et mat 20:09.87 Bronze. D'Goldmedail ass mat enger Zäit vun 19:34.31 Minutten iwwerraschend un den Zypriot Andreas Miltiadis gaangen.

Den Alex Kirsch an de Mats Wenzel am RTL-Interview
Am Zäitfuere vun den Häre gouf et fir Lëtzebuerg Sëlwer a Bronze

All véier Lëtzebuerger Coureuren, déi bei den Dammen a bei den Hären am Zäitfueren un den Depart gaange sinn, konnten also eng Medail wannen. An der Stroossecourse e Samschdeg wäert et dann nach eng weider Chance op Medaile ginn, wou dann nach eng Rei aner Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger um Vëlo am Asaz sinn.

Klickt op d'Bild, fir op den Dossier mat Artikelen, Livestreamen, Videoen a Fotoen ze kommen.