An der Finall konnt sech d'Lëtzebuerger Karateka mat 5:2 géint d'Helena Backovic aus Montenegro behaapten.
En Dënschdeg de Moien huet d'Jenny Warling an der Kategorie Kumite ënner 55 Kilogramm d'Goldmedail bei den Damme gewonnen. Ausgedroe gouf den Turnéier am Round-Robin-Modus, wou jiddereen ee Mol géint jiddereen untrëtt an déi zwee Bescht sech dann nach ee Mol um Enn an der Finall géigeniwwer stinn.
No enger souveräner 8:0-Victoire fir den Optakt géint d'Rebecca Gaidella aus San Marino, gouf et och am zweeten Match e 4:0-Succès géint d'Lola Vega aus Andorra. D'Lëtzebuerger Karateka huet weider näischt ubrenne gelooss a konnt sech an der drëtter Partie op en Neits mat 8:0 behaapten, dës Kéier géint d'Zypriotin Maria Kyprianou. No enger 4:3-Victoire am leschte Match vun der Gruppephas géint d'Helena Backovic, ass et fir d'Jenny Warling als ongeschloe Gewënnerin vum Grupp an d'Finall gaangen.
Do stoung op en Neits d'Karateka Helena Backovic aus Montenegro vis-à-vis, wou d'Jenny Warling duerch e weidere 5:2-Succès d'Goldmedail fir Lëtzebuerg wanne konnt. Nom rezente Vize-Europameeschtertitel ass et fir si déi nächst international Medail a kuerzer Zäit.