Mat 29 Joer sinn et déi 7. Spiller vun de klenge Länner, bei deenen de Julien Henx dobäi ass.
Bis elo konnt de Schwëmmer 22 mol Gold, 3 mol Sëlwer an eemol Bronz gewannen. Säin Alter spiert de Kuerzstrecke-Spezialist nach net an hie kann och eppes vun de Jonke léieren, wéi hien eis am Interview erkläert. 2011 war de Julien Henx eng éischte Kéier a Liechtenstein dobäi.
"Et war fir mech déi éischten international Kompetitioun, fréi an der Saison an ech erënnere mech nach relativ gutt. Ech hunn do och Leit kennegeléiert, mat deenen ech haut nach ëmmer schaffen, oder déi mat mir schwammen. Mäin Highlight ass definitiv San Marino 2017, do hunn ech bei 6 Courssen, 6 mol Gold gemaach. Zwee Joer virdrun an Island hat ech eng Course verluer. 2017 war och dat éischte Joer, wou ech richteg professionnel konnt trainéieren, ech war an der Sport-Compagnie vun der Arméi, sinn op Bordeaux gaange fir ze trainéieren. Deemools ass alles perfekt gelaf, dat war fir mech dee schéinste Moment."
Wat maachen d'Spiller vun de klenge Länner fir dech aus?
"Et ass onbeschreiflech, déi grouss Länner kënnen dat vläicht net sou verstoen, wat hei fir eng Ambiance ass, ausser déi, déi bei den olympesche Spiller ëm Medaile kämpfen. Hei ass vill méi Press wéi op enger EM oder enger WM, et ass eng ganz flott Erfarung an ech wënsche jidderengem, datt en dat eemol ka matmaachen. Dat wichtegst ass, du selwer ze bleiwen an déi Erfarung, déi ech hei matgeholl hunn, déi huet mir och gehollef, fir op méi groussen Evenementer manner nervös ze sinn. Fir mech waren all déi Spiller ëmmer eng aner Erfarung, dat hei erënnert mech elo e bëssen u San Marino well mer och do mam Bus dohinner gefuer sinn an alles sou kleng ass."
Wéi et mam Julien Henx senger Karriär weidergeet, do heescht et nach ofwaarden. Déi nächst Spiller kéinten nach eemol en Zil ginn. Och 2029, wou d'Spiller zu Lëtzebuerg sinn, wier dem Schwëmmer no natierlech interessant, awer nach wäit ewech.