Um éischten Dag vun de Kompetitioune bei de Spiller vun de klenge Länner gouf et och déi éischt Medaile fir Lëtzebuerg an der Liichtathletik.

Hannert dem Andorraner Nahuel Carabaña Valenzuela konnte sech d'Gebridder Gil a Charel Weicherding Sëlwer a Bronze sécheren.

Gil Weicherding: "Dru bleiwe bezilt sech iergendwann aus"

De Gil Weicherding hat an de leschten Tier probéiert, fir sech vun der Konkurrenz ofzesetzen. Éier et an de leschten Tour gaangen ass, konnt de Leefer aus Andorra awer konteren an huet sech ofgesat. Mat Sëlwer a Bronze ass een an der Famill Weicherding awer ganz zefridden:

"Wou ech d'Startlëscht gesinn hunn, do wousst ech, datt d'Entscheedung tëscht 4 Leefer géif falen. Déi éischt 2 Kilometer ware relativ lues, ech hu mech déi ganzen Zäit gutt gespuert. Wéi mer do an de leschte Kilometer gaangen sinn, hunn ech eppes probéiert, nodeems ech gemierkt hunn, datt dee 4. Schwieregkeeten hätt. Relativ séier hunn ech gemierkt, datt déi 2. Plaz méiglech wier, mee deen éischte war ze staark. Mat der 2. Plaz sinn ech ganz zefridden. De jorelaangen Training bezilt sech aus, dat ëmmer dru bleiwen an Dag fir Dag weider maachen, dat dréit iergendwa seng Friichten. Elo wäert ech vun den nächsten Deeg profitéieren, fir nach aner Disziplinne kucken ze goen."

Charel Weicherding: "Et ass immens flott fir mat der ganzer Ekipp hei dobäi ze sinn"

De Charel Weicherding konnt bei sengen éischte Spiller vun de klenge Länner direkt mat op de Podium. An enger Zäit vun 9 Minutten, 19 Sekonnen an 82 Honnertstel gewënnt de Leefer vum Celtic d'Bronze-Medail:

"Et ass meng éischt Kéier, datt ech hei dobäi sinn, an ech freeë mech iwwer dës 3. Plaz. Mir si relativ lues fortgelaf, wou et do méi séier ginn ass, do hunn ech relativ séier gemierkt, datt hannert mir e Lach op d'Konkurrenz wier. Op deene leschte Meter hat ech Zäit, fir mech e bëssen ze freeën a war frou, wou ech op der Arrivée war. Ech gi lo zanter Joren all Dag op d'mannst eemol den Dag lafen, et brauch vill Éiergäiz, fir dat sou duerchzezéien. Ech fannen et ganz flott mat der ganzer Ekipp hei kënnen dobäi ze sinn, et ass eng gutt Ambiance."