
© rtl.lu
Zu Andorra, beim 3x3-Basketmatch tëscht Lëtzebuerg a Monaco, huet de Sportminister Georges Mischo sech am RTL-Interview ganz zefridde gewise mam Optakt.
Déi Lëtzebuerger Athleetinnen an Athleeten hunn net nëmme sportlech iwwerzeegt, mee och mam Zesummenhalt an engem staarken Teamgeescht am 3x3-Basket gepunkt.
"Net nëmmen hei um 3x3, mee och gëschter an der Schwämm huet een et gespuert: et ass eng super Stëmmung, d'Athleten ënnerstëtze sech géigesäiteg, dat ass dat, wat d'Spiller vun de klenge Länner ausmécht", huet de Minister erkläert.
Erfarung méi wichteg wéi d'Medailen
Trotz de sportleche Succèsen huet de Georges Mischo betount, dass et zu Andorra net nëmmen ëm d'Quantitéit vun de Medaile geet:
„Natierlech freeë mer eis iwwert all Medail, mee et geet och ëm d’Erfarung. Vill jonk Sportler sammelen hei hir éischt international Erfarung, eng wichteg Etapp an hirer sportlecher Entwécklung.“
Zu deene kritesche Stëmmen, déi d’Medailen op dësem Niveau als "Schockelasmedailen" ofwäerten, huet de Minister eng kloer Meenung: "Hei muss een och disziplinéiert trainéieren an eng héich Leeschtung weisen, fir iwwerhaapt dobäi ze sinn. Déi Medailen hunn hire Wäert."
Sport als "Gesellschaftsprojet"
Als Sportminister, mee och als fréiere Sportsproff, huet de Georges Mischo nach eng Kéier ënnerstrach, wéi wichteg him eng breet, inklusiv Sportpolitik ass: "Mir wëlle sou vill wéi méiglech Leit a Beweegung kréien, net nëmmen am Héichleeschtungssport, mee och am Breedesport. D’Federatiounen an d’Veräiner sollen dofir déi néideg Ënnerstëtzung kréien."
Bléck no vir: Spiller 2029 zu Lëtzebuerg
Datt d’Spiller vun de klenge Länner 2029 zu Lëtzebuerg wäerten organiséiert ginn, gesäit de Minister als grouss Erausfuerderung an och als Chance: "Mir mussen eis gutt preparéieren: d’Infrastrukturen, d’Logistik, d’Organisatioun, alles muss stëmmen. Mee ech si ganz zouversiichtlech, dass mir zesumme mat de Gemengen a mam COSL dat wäerten hikréien."
Dëst géif Lëtzebuerg d’Méiglechkeet ginn, sech eng weider Kéier international als Sportsnatioun ze presentéieren.
Nei Sportaarten a frësche Wand
Zousätzlech ginn nei Sportaarten integréiert: "Zum Beispill d'Badminton-Federatioun, déi exzellent Aarbecht leescht. Et ass wichteg, dass mir och aneren Disziplinnen eng Plattform ginn, esou wéi hei de Karate.“