E Mëttwoch huet et bis an den Nomëtteg era gedauert bis et déi éischt Medaile fir Lëtzebuerg gouf. Duerno gouf et der e ganze Koup.

17 Medaile gouf et e Mëttwoch fir Lëtzebuerg. Fënnef waren der aus Gold, sechs aus Sëlwer a sechs aus Bronze. Nom 2. Competitiounsdag steet d'Team Lëtzebuerg weiderhin op Plaz 2 am Medailespigel. Nëmmen Zypern huet mat 17 Goldmedailen, 16 Sëlwermedailen an 23 Bronzemedailen der méi um Konto.

E Mëttwoch den Owend gouf och déi traditionell Receptioun ofgehalen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater am Schreiwes vum COSL.

Schwammen

Déi éischt Goldmedail gouf et e Mëttwoch am Schwammen. Iwwer 200m 4 Nages vun de Männer gouf et eng lëtzebuergesch Duebelvictoire. De Finn Kemp huet sech virum Florian Frippiat duerchgesat. Iwwer 1500m Crawl bei de Frae klasséiert sech d'Lou Jominet als Drëtt. An an der Staffel iwwer 100m 4 Nages bei de Männer gewannen d'Lëtzebuerger d'Sëlwermedail.

Dëschtennis

E staarken Optrëtt haten um 2. Dag d'Lëtzebuerger Dëschtennisspiller. Am Eenzel gouf et direkt zweemol Gold. Souwuel d'Sarah De Nutte wéi och de Luka Mladenovic konnte sech géint déi staark Konkurrenz aus Malta behaapten. D'Enisa Sadikovic huet sech Bronze geséchert.

Basket

Am Basket konnt sech d'3x3-Ekipp iwwer Gold freeën. D'Michelle Dittgen, d'Bridget Yoerger, d'Mikayla Ferenz an d'Liz Irthum hunn de ganzen Tournoi kee Match verluer.

Karate

Am Karate gouf et e Mëttwoch zwou Medailen. No hirer laanger Verletzungspaus huet sech d'Pola Giorgetti an der Gewiichtsklass -68kg mat Gold zeréckgemellt.

RTL

© Fernand Schmitz

Iwwer Sëlwer konnt sech den Tiago Serra Rodrigues an der Gewiichtsklass -84kg freeën. An am Kata war et Sëlwer fir de Lucas Chaffort.

Turnen

Sëlwer a Bronze gouf et fir de Ben Mangen um Buedem an um Barren. D'Valentina Marochi huet sech Sëlwer op der Putter gekroopt. Bronze war fir de Yan Kies um Sprong. Bronze dann och fir d’Zofia-Kalina Kopczynski um Stufebarren. An da gouf et nach emol Bronze fir d‘Chiara Castellucci um Sprong.

De Sportblock mat Karate, Turnen a Basket
De Sportblock zesummegefaasst vum Tim Hensgen.

Klickt op d'Bild, fir op den Dossier mat Artikelen, Livestreamen, Videoen a Fotoen ze kommen.