Mat engem däitleche 4:0 géint d'Stella Sprenger aus Liechtenstein huet d'Pola Giorgetti sech d'Goldmedail an der Kategorie -68kg am Karate geséchert.
Eng Victoire, déi fir d'Athletin eng ganz besonnesch Bedeitung huet.
"Déi Medail bedeit vill fir mech, well ech lo laang verletzt war an annerhalleft Joer out war a laang misst op d'Zänn bäissen a Gedold hunn", esou d’Pola Giorgetti.
No enger schwéierer Verletzung vum Kräizband ass d'Karateka zeréck um Tatami.
Gold zu Andorra war e grousst Zil: "Dat war fir mech vun Ufank u kloer. Ech hat mer dat esou fest virgeholl."
Alles esou ëmgesat wéi geplangt
"Ech hat och scho virdru géint dat Meedche gekämpft a gewonnen, wat mer e bësse méi Confiance ginn huet fir d'Finall."
An der Finall hätt alles esou geklappt wéi virgesinn. D'Géignerin konnt keen eenzege Punkt markéieren.
E staarken a schwierege Comeback
D’Goldmedail ass fir d’Pola Giorgetti net nëmmen e sportlechen Erfolleg, mee och e mentalen Duerchbroch.
"Déi Goldmedail ass genau dat Richtegt, wat ech elo brauch, fir an d'Zukunft ze kucken. An ech hunn och keng eng Kéier u meng Verletzung geduecht, ech stinn elo um Tatami."
Mat dësem Erfolleg an der Täsch kuckt si elo motivéiert op déi nächst Evenementer:
"Elo bis de Summer ass näischt méi. An dann ab September ongeféier, geet et rëm lass", dat mam Haaptzil, d’Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft am November ze packen. Am September ass zu Paräis de Qualifikatiounstournoi fir d'WM.