D'Sarah De Nutte an de Luka Mladenovic hu sech e Mëttwoch an hire Finalle géint d'Favoritten aus Malta duerchgesat an d'Goldmedail fir Lëtzebuerg gewonnen.

Nom Dubbel-Gold a -Bronze waren d'Aen e Mëttwoch an der Hal Edifici Perecaus all op d'Simpele geriicht. De Maël van Dessel ass knapp net an d'Halleffinall komm, mee dofir krut d'Enisa Sadikovic awer d'Bronzemedail.

Mat der Sarah De Nutte an dem Luka Mladenovic stoungen zwee ongeschloe Rout Léiwen an der Finall. Géigner ware wéi erwaart zwee malteesesch Athleten, béid agebiergert. D'Rumänin Camélia Iacob spillt zanter knapp engem Joerzéngt zu Etival an der franséischer Pro A. Dofir wosst d'Sarah De Nutte wat si géing erwaarden. 

"Géint dat, wat ech an der Finall gespillt hunn, hat ech schonn de Moien [U.v.d.R Mëttwoch] an der Grupp als Géignerin. An an der Véierelsfinall krut ech dunn dat anert direkt. A bon, do war ech frou, dass ech géint déi gewonnen hunn an och an der Finall nach eng Kéier d'Iwwerhand behalen hunn."
 
11:8, 8:11, 11:6, 10:12 an 11:2. D'Sarah De Nutte huet virun allem am leschte Saz taktesch excellent gespillt an de Sak fir eng weider Goldmedail zougemaach.

Gold fir d'Sarah De Nutte
D'Lëtzebuergerin huet sech géint d'Favoritin duerchgesat.

Och de Luca Mladenovic huet säi Géigner an der Finall scho kannt. Géint de Felix Wetzel hat de 26 Joer ale Lëtzebuerger virun 2 Joer schonn zwee Mol gewonnen. Mee et war ëmmer spannend. Ëmmerhin huet den Däitsch-Malteeser d'lescht Saison mat Wels géint den Europameeschter Felix Lebrun gewonnen, zwee Méint nodeems him en Tumor am Been erausgeholl gi war. No virun haarde mentale leschte Méint huet de Luka Mladenovic no enger gudder WM och e Mëttwoch erëm gewisen, dass hie säi Killerinstinkt net verluer huet. Och wann d'Konditioune schwéier an der Hal waren.

 
"Bon, also mir spillen an enger zimmlecher héijer Altitude, doduerch flitt de Ball relativ wäit. E kritt net esou dee Bou, heescht, wann een net genuch um Ball schafft, fir de Bou ze kreéieren, da mécht e relativ vill Feeler. Dobäi kënnt, dass ech mech net esou gutt beweegt hunn, an der Hal ass et och relativ waarm, ech si relativ midd lo um Enn vum Dag an hu mech net gutt beweegt. Mee virun allem ass einfach wéinst der Altitude, dass et net esou einfach ze spillen ass."
 
11:6 huet de Luka Mladenovic de leschte Saz fir sech entscheet a krut domadder seng éischt Goldmedail am Eenzel bei de Spiller vun de klenge Länner.

Gold fir de Luka Mladenovic
Fir hien ass et déi éischt Goldmedail bei Spiller vun de klenge Länner.

An der Ekippekompetitioun soll awer nach eng Medail dobäi kommen.

"Gold, ganz kloer. Ma mir hunn der elo bei den Hären zwee vun dräi. Mir wëllen déi 3. och kréien. Dofir si mir heihinner komm. D'Jongen hu gëschter [U.v.d.R. Mëttwoch] mega virgeluecht mat där Goldmedail an ech war sou frou fir si. A mir probéieren, dat selwecht nach eng Kéier elo ze maachen iwwert déi nächst zwee Deeg."

"Dann hu mer muer zwee Gruppematcher. An dann e Freiden nach dee leschte Gruppematch. An dann hoffentlech Halleffinall a Finall. An do gi mer nach eng Kéier alles."