Zwou gëllener gouf et am Schwammen an eng an der Liichtathletik.

Nom 3. Competitiounsdag steet Lëtzebuerg op der drëtter Plaz am Medailespigel. En Donneschdeg gouf et der dräi aus Gold, fënnef aus Sëlwer an dräi aus Bronze.

Am Ganze kënnt een elo op 56 Medailen. 18 sinn der aus Gold. Genee souvill Sëlwermedailen huet ee gewonnen an 20 Mol gouf et bis ewell Bronze. Un der Spëtzt vum Medailespigel steet Zypern (22-23-32) virun Island (21-15-18).

Journal des jeux mat de beschte Momenter vum Dag
Eis Sujete vun haut: Gold am Dëschtennis, Sëlwer am Mountainbike, Tennis, de Sportblock an de Schwëmmer Finn Kemp am Interview.

Gold an der Liichtathletik

Um 3. Dag vun de Spiller vun de klenge Länner gouf et an der Liichtathletik déi zweet Goldmedail fir d'Team Lëtzebuerg. Nom Charel Gaspar am Héichsprong huet sech d'Vera Bertemes Gold iwwer 1500 Meter geséchert. 2019 hat si a Montenegro scho Gold iwwer déi nämmlecht Distanz gewonnen.

Schwammen

Goldmedaile gouf et en Donneschdeg och am Schwammen. De Finn Kemp huet d'Course iwwer 200m Brasse gewonnen. An der leschter Course vum Dag hunn d'Hären (Daleiden, Frippiart, Fedoseev, Henx) sech iwwer 4x200m Crawl Gold geséchert. Iwwer déi nämmlecht Distanz gouf et fir d'Dammen (Banky,Reinesch, Bleses, Jominet) Sëlwer.

Iwwer 50m Crawl hu mam Ralph Daleiden Ciuferri als Zweeten a mam Julien Henx als Drëtten et zwee Lëtzebuerger op de Podium gepackt.

Iwwer 100m Réck huet de Ralph Daleiden Ciuferri als Zweeten ugeschloen. D'Jaqueline Banky konnt sech iwwer déi nämmlecht Distanz iwwer Bronze freeën. An iwwer 100m Papillon war et nach emol Sëlwer fir de Florian Frippiat.

Judo

D'Lëtzebuerger Dammennationalekipp huet sech um leschten Dag Bronze geséchert. Mat 2:1 hu sech d'Carla Tavares Fernandes, d'Anetta Mosr an d'Chloé Schillings géint Montenegro behaapt. Mat dobäi bei Lëtzebuerg waren och nach d'Darlène Donfack, d'Lena Schmit an d'Lara Roller.

RTL

Mountainbike

Fir déi éischt Medail um Donneschdeg huet d'Liv Wenzel gesuergt. Si konnt sech an der Mountainbike-Course Sëlwer sécheren.

Eng Reaktioun vum Liv Wenzel fannt Dir hei.

Klickt op d'Bild, fir op den Dossier mat Artikelen, Livestreamen, Videoen a Fotoen ze kommen.