D’Vera Bertemes huet sech bei de Spiller vun de klengen europäesche Staaten eng Goldmedail iwwer 1500 Meter geséchert.
Fir d'Lëtzebuerger Mëttelstreckeleeferin war dëst en immens wichtegen Erfolleg, net nëmme sportlech, mee och perséinlech. Taktesch huet d'Leeferin fréi d'Entscheedung gesicht a sech vun de Konkurrentinnen ofgesat.
D’Vera Bertemes huet vun engem besonnesche Moment um Podium geschwat. Coursse gewanne wier ee vun de Grënn fir dobäi ze sinn.
"Et ass dofir, wou mer de Sport am Endeffekt maachen, fir kënnen d’Courssen ze gewannen, fir ganz uewe kënnen ze stoen. An dat kënnt awer an enger Karriär net sou oft vir."
Lafen, fir ze gewannen
"Et ass scho wichteg fir mech gewiescht, fir hei gutt ze lafen a fir ze gewannen", sot si no der Course. Et war schonn déi véiert Kéier, dass si bei esou Spiller dobäi war.
"Virun zwee Joer hat et eeben net an de Kalenner gepasst. Mä wann et méiglech ass, da wëll ech ëmmer gär derbäi sinn. An ech sinn elo fir d’Véiert derbäi."

© Fernand Schmitz
"Mega gutt" Stëmmung
D’Stëmmung bei dëse Spiller wier extreem positiv.
"Fir eis ass et einfach total speziell, fir zu esou vill Athleete beieneen ze sinn, fir sou vill Sportaarten."
Besonnesch am Beräich Liichtathletik wier d’Presenz vun de Lëtzebuerger staark ze spieren.
"Ech wäert scho probéieren, fir elo mol och de Support zréck ze ginn an dann de Samschdeg sinn ech definitiv hei bei der Liichtathletik."