1991 war d'Nancy Kemp-Arendt bei de Spiller vun de klenge Länner an Andorra mat dobäi an huet deemools Medaile gewonnen.
"Sou Erënnerunge wéi un d'Spiller vun de klenge Länner behält een ëmmer am Häerz", esou d'Nancy Kemp-Arendt. Déi fréier Presidentin vun der Lëtzebuerger Schwammfederatioun ass viru 34 Joer an der selwechter Schwämm geschwomme wéi hire Bouf de Finn. Bei engem grousse Brand goufen d'Infrastrukture staark beschiedegt, mëttlerweil ass alles restauréiert ginn.
Fir d'Nancy Kemp-Arendt hunn d'Spiller vun de klenge Länner ee spezielle Flair. D'Chancen op Medailen an de Lëtzebuerger Support vun de Spectateuren ass op dësen Evenementer grouss. Zwar huet een deemools wéi haut am Schwamme vill Medaile gewonnen an awer gesäit déi Deputéiert een Niveausënnerscheed: "Dat ass op verschiddene Courssen ee richteg gudden europäeschen Niveau. Dat ass anescht wéi zu eiser Zäit, dat muss een esou zouginn."
Genau sou wéi hire Bouf de Finn war d'Nancy Kemp-Arendt am 4 Nages a virun allem am Brasse doheem. De Virdeel ass, datt ee sech dann an all Disziplin wuel fillt. "Den Nodeel ass, datt s de ganz dacks dru kënns an da schwëmms de séier 4 bis 5 Courssen. Beim Finn waren zwou vu sengen Haaptcourssen direkt hannerteneen, soss wär bestëmmt nach eng Goldmedail méi dobäi erausgesprongen", esou déi fréier FLNS-Presidentin weider.