4 Liichtathleeten hu wärend engem Dag witzeg Videoen an de sozialen Netzwierker gepost, fir Reklamm fir hire Sport ze maachen.
Den Héichsprénger Charel Gaspar sot, dass d'Iddi opkomm wier, fir d'Liichtathletik e bëssen ze promouvéieren. Zesumme beim Iesse wieren ëmmer méi Iddien opkomm an esou hätt een op eemol de ganzen Dag Videoe verëffentlecht, och mam Zil e bësse fir Schmunzelen ze suergen.
De Gil Weicherding deelt déi neisten Erkenntnisser, wéi e perfekten Training fir de Steeple ausgesäit.
De Charel Gaspar kritt en Team Lëtzebuerg Tattoo gestach.
An de Liichtathletik-Quartett Weicherding-Brothers, Gaspar a Muller weisen de Schwëmmer, dass se bis spéitstens 2029, wann d'Spiller vun de klenge Länner nees zu Lëtzebuerg sinn, mat staarker Konkurrenz rechne mussen. Dat awer nëmmen, wann och Kompetitiounen am Kannerbaseng organiséiert ginn.
De ganze Reportage gëtt et um Freidegowend kuerz virun 20 Auer am Journal des Jeux.