1985 huet d'Nicole Feitler un den éischte Spiller vun de klenge Länner deelgeholl. Haut schwätzt si mat Freed an Houfert iwwer déi Zäit.

„Déi Spiller hu mäi Liewe geännert“, seet si direkt am Ufank vum Gespréich. Ursprénglech huet si an der Restauratioun geschafft a sollt grad e Restaurant opmaachen, wéi d’Qualifikatioun fir d'Spiller koum.

"Mir sinn dohanne Landesrekord gelaf an der Staffel an ech hat esou eng Freed. Ech hunn um 100 an um 200 m eng Medail gemaach. Do hunn ech mäi ganze Projet op Äis geluecht an ech sot: Ech maachen nach zéng Joer Sport, da kucken ech, wat d’Schaffe bréngt."

Eng radikal Entscheedung, mee eng, déi si bis haut net bereit huet.

Erënnerungen u San Marino 1985

D’Nicole Feitler erënnert sech nach genee un déi éischt Editioun vun de Spiller zu San Marino: "Et war eng mega Ambiance, d’Josiane Reinesch war dobäi, vum Basket, d’Schwëmmer, de Claussen Yves, den Alwin de Prins."

Och wann een deemools nach net esouvill Mëttel an Ënnerstëtzung hat wéi haut, war et eng onvergiesslech Erfarung.

"Mir hate keng Uniformen, keng Podiumszeremonie, d’Medailen hu se eis heem geschéckt, mee dat huet näischt geännert un der Bedeitung."

Wat huet sech a 40 Joer geännert?

Op d’Fro, wéi sech d'Spiller verännert hunn, äntwert si differenzéiert: "Jo, se si méi professionell ginn, mee am Kär bleift et dat nämmlecht: eng Plattform fir Sportler, déi vläicht net op olympeschem Niveau sinn, mee déi mat voller Passioun dobäi sinn."

Sportlech Passioun gëtt an der Famill weidergelieft

2025 ass hire Fils, de Julien Henx, eng weider Kéier fir Lëtzebuerg geschwommen an d'Mamm ënnerstëtzt hie voll a ganz:

„Ech sot him ëmmer: Wann s de esou gär schwëmms, maach et. Du kanns ëmmer nach an d'Schoul goen. Hien ass gutt ënnerstëtzt vun der Arméi, a wann dat esou weidergeet, da kann hien nach weidermaachen, wéi ech deemools.“

Och haut bleift d'Nicole Feitler sportlech: "Lafe geet net méi esou gutt, mee ech maache Fräiwaasserschwammen, an dat mécht richteg Spaass."

Och d'Kompetitioun spillt nach eng Roll, esou plangt si déi fënnef Kilometer zu Cannes an dräi Kilometer op der Weltmeeschterschaft zu Singapur ze schwammen.

D’Spiller vun 1985 hätten hir gewisen, wéi wäit een et mat Courage a Passioun brénge kann. A si huet dës Passioun net nëmme fir sech selwer gelieft, mee un hire Fils viruginn.